Ungaresch Fidesz-Partei an EVP "D'EVP ass eis politesch Heemecht"

Flitt d'Fidesz-Partei vum ungaresche Premier Viktor Orbán aus der Europäescher Vollekspartei eraus? Déi Fro soll den 20. Mäerz an der EVP gekläert ginn. Den CSV-President Frank Engel hält en Ausschloss fir onëmgänglech. D'Fidesz selwer awer wëllt bleiwen, seet den Europadeputéierte György Schöpflin.

Danièle Weber / cbi

Viktor Orbán, Jean-Claude Juncker
Um Sommet zu Bréissel (2017) hu sech de Viktor Orbán (l) an de Jean-Claude Juncker nach besser verstanen. Foto: picture alliance / Wiktor Dabkowski.

Mat enger zolitter Victoire bei den nationale Wahle vun zejoert am Réck, trëtt den ungaresche Premier an der EU deementspriechend selbstsécher op. A senger politescher Famill, der Europäescher Vollekspartei, ass seng Fidesz zwar zanter Joren als Member ëmstridden, sou richteg brenzeleg ass et awer nach ni fir si ginn.

Elo awer, zanter datt déi ungaresch Regierung eng weider Anti-Migratiouns-Campagne lancéiert huet, ass dat anescht. Dës Kéier riicht sech d'Campagne ganz besonnesch géint de Kommissiounspresident Jean-Claude Juncker, deen och der EVP ugehéiert. Säi Portrait ass op Plakater ze gesinn, op deenen ze liesen ass: "Dir hutt ee Recht drop ze wëssen, wat hie wëlles huet."

Op d'mannst 12 Parteie fir den Ausschloss

Op d'mannst eng Dose Parteien, déi Member an der EVP sinn, soen: Et geet elo duer, d'Fidesz muss ausgeschloss ginn. Den 20. Mäerz soll op enger Sëtzung ofgestëmmt ginn. Et ass net gewosst, wéi dee Vott ausgeet, seet den Europadeputéierte vun der Fidesz, de György Schöpflin.

"12 Parteien, dat héiert sech no vill un, mee bis elo huet nach keng vun deene Groussen eppes gesot. Also handelt et sech éischter ëm eng Minoritéit, déi dës Gefiller par rapport zur Fidesz huet."

Eng vun deene Parteien ass d'Lëtzebuerger CSV. Hire Chef, de Frank Engel, ass awer sécher, datt um Enn eng Majoritéit fir den Ausschloss stëmmt. An der Tëschenzäit wieren och grouss Parteien, wéi zum Beispill déi polnesch Delegatioun, dofir.

"D'Fidesz wëllt an der EVP bleiwen"

Mee Fidesz an der EVP - ass dat wierklech passé? Et ass op alle Fall net dat, wat déi ungaresch Partei wëllt. "D'Fidesz wëllt an der EVP bleiwen. Et ass eis politesch Heemecht.", seet de György Schöpflin. "D'Partei fënnt sech do weiderhin erëm, deelt och duerchaus déi selwecht Wäerter."

Wéi ass dat da mat enger Campagne vereenbar, bei där de Kommissiounspresident perséinlech attackéiert an zum Beispill behaapt gëtt, hie wielt Ungarn forcéieren, Migranten opzehuelen?

"D'Campagne riicht sech géint d'Kommissioun, an déi ass effektiv dofir, datt nach méi Migranten an d'EU kommen. 60-70 Prozent vun den Europäer stinn awer do net dohannert. D'Kommissioun huet kee Monopol, wann et drëms geet, europäesch Wäerter ze definéieren.", seet dozou de György Schöpflin.

"De Jean-Claude Juncker gouf als President vun där Kommissioun attackéiert, net als Member vun der EVP", sou och nach de fréiere BBC-Journalist.

Keng Begeeschterung fir dem Manfred Weber säin Ultimatum

Wat déi EVP ugeet, huet sech hire Spëtzekandidat, den däitschen CSUler Manfred Weber bis elo schwéier gedoen, kloer Stellung an der Diskussioun ze bezéien. Déi däitsch Delegatioun huet an der EVP déi meeschte Stëmmen, hir Positioun kéint also decisiv sinn.

En Dënschdeg huet de Manfred Weber der Fidesz eng Zort Ultimatum gestallt. D'Partei misst sech entschëllegen, an d'Regierung hir Campagne stoppen, da kéint een nach eng Kéier mat sech schwätze loossen.

Vun dëser Propos hält den CSV-President Frank Engel guer näischt: Vun enger Entschëllegung wier näischt ze erwaarden, an de Viktor Orbán hätt souwisou schonn annoncéiert, dat d'Plakater mam Jean-Claude Juncker de 15. Mäerz erofgeholl ginn.

Allerdéngs géif d'Campagne trotzdeem virugoen, seet de Fidesz-Europadeputéierte György Schöpflin. An enger zweeter Phas géif si sech op de Spëtzekandidat vun de Sozialisten, de Frans Timmermans, konzentréieren.

Fidesz kéint nach méi staark ginn

De György Schöpflin ass och net iwwerzeegt vum Manfred Weber senger Offer. Datt d'Partei sech entschëllege soll, gesäit hie perséinlech net an. Fir hie steet iwwerdeems fest, dat d'EVP selwer ënner enger Spaltung leide géif, am Géigendeel zur Fidesz. Si wäert an den nächste Wahlen nach dobäi gewannen, seet den ungareschen Europadeputéierten. Dat confirméieren och Previsioune vum Europaparlament.

"Fidesz wäert net verschwannen. Si kéint Deel vun engem Grupp ginn, an deem sech Eurokritiker an Euroskeptiker am Europaparlament a verschiddenen Dossieren zesummendinn. Si kéinte Votten am Parlament blockéieren."

Ee Zeenario, deen de Frank Engel net dovun iwwerzeegt, d'Fidesz net aus der EVP erauszepuchen. "Dat muss elo geschéien, soss stellen aner Parteien hir Memberschaft an der EVP a Fro an da gëtt et d'EVP net méi."


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.

An der Mediathéik:

Europa Aktuell / / Danièle Weber
Lauschteren

Méi zum Thema

Danièle Weber Réckbléck
​EU-politesche Wocheréckbleck

An der EVP sténken d'Lompen an et gëtt méi enk fir d'Fidesz-Partei vum ungaresche Premier Viktor Orbán. Kënnt et dës Kéier zum Broch? Dat ass och dës Kéier alles anescht wéi sécher.

Den CSV Europadeputéiert seet, dass den ungaresche Premier Orban an seng Fidesz Partei net an d’EVP gehéieren. An Europa géifen et Rechtsprinzipie ginn, déi hei dauernd mat Féiss getrëppelt ginn. Aktuell gëtt et schaarf Kritik un Ungarn, wengst hirer Virgoensweis an der Flüchtlingskrise.

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Vu 6 bis 10

  • Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen