Amerika fir d'éischt - dat war d'Devis vum Donald Trump. Et war gläichzäiteg ee Motto, datt d'EU gewëssermoossen op d'mannst an hirer Reaktioun dorop zesummegeschweesst huet.
D'Erliichterung, datt déi Ära eriwwer ass, ass zanterhier ze spieren an Europa. Allerdéngs bleift d'Fro, ob et och wierklech eriwwer ass mam "America First", notamment um ekonomesche Plang?
Gutt een Halleft Joer nodeems den Joe Biden d'Relève am Wäissen Haus iwwerholl huet, ass beispillsweis den Handelssträit tëscht der EU an den USA net bäigeluecht.
Ënner anerem ëm déi Handelsbezéiungen geet et um Sommet haut, engem Mëttegiessen tëscht der EU-Kommissiounscheffin, dem Conseilspresident an dem President vun de Vereenegte Staaten.
D'EU-USA-Relatiounen nei beliewen
Ee Meeting mat "symbolescher Bedeitung", sot d'Ana Paula Zacarias, déi portugisesch Staatssekretärin fir d'EU déi lescht Woch am Europaparlament. D'EU erwaart sech konkret Resultater.
"Deen Event huet d'Potential, de Partenariat tëscht EU an USA ze erneieren an ze revitaliséieren."
Dobäi spillen d'Stroftaxen, déi d'USA zanter 2018 op Stol an Aluminium aus Europa ophiewen, eng wichteg Roll. Si sinn trotz Joe Biden nach ëmmer a Kraaft. Ass d'EU doriwwer enttäuscht?
"Den Joe Biden gouf an Amerika gewielt, net an Europa. Hie kuckt, wat fir seng Wirtschaft gutt ass. Mir dierfen eis net kleng kréie loossen."
Sot dozou um Méindeg Owend de Lëtzebuerger Premier Xavier Bettel um Bord vum Nato-Sommet.
EU: D'USA sinn um Zuch
D'Europäesch Unioun hat am Géigenzuch zu de Stroftaxen hirersäits zousätzlech Douanestaxen op verschiddenen amerikanesch Produite wéi Jeans, Whisky oder Motorrieder opgehuewen. Dës Taxe sollten Ufank Juni automatesch verduebelt ginn, et dorop gouf awer verzicht.
D'EU hätt domat kloer Signaler vun Deseskalatioun geschéckt, sot déi lescht Woch den fir den Handel zoustännegen Vizepresident vun der EU-Kommissioun, de Valdis Dombrovskis:
"Elo ass et un den USA ze handelen."
Fir d'EU ass also kloer, wien elo um Zuch ass.
Konkreten Datum fir en Enn vun de Stroftaxen?
An engem Brouillon vun de Konklusioune vum EU-USA-Sommet war ee konkreten Datum festgehalen: Bis den 1. Dezember géifen Stroftaxen op béide Säiten ofgeschaaft. Op sech d'USA awer dorop aloossen, ass ongewëss. Um Text gouf anscheinend gëschter nach gefeilt.
E bësse méi optimistesch sinn d'Erwaardungen am Sträit iwwer d'Subventioune fir d'Fligerhiersteller Boeing respektiv Airbus.
Béid Säite ware sech eens ginn, bis den 11. Juli keng Stroftaxe méi opzehiewen. Hei géif et positiv Zeechen dofir, datt ee sech effektiv dorop festleet, endgülteg drop ze verzichten, sou eng EU-Source.
De Lëtzebuerger Premier Xavier Bettel erwaart sech virun allem ee Vertrauensbeweis am Statement vun haut.
"Wichteg ass et, datt mer weisen, datt déi Vertrauensrelatioun, déi mir mat den USA haten, nees Realitéit ass. Dat ass de But vun deem Echange um Sommet".
Deen Echange kann deemno nëmmen den Ufank vun enger neier Ära sinn, wat sech dono konkret ännert, wäert sech dann eréischt méi spéit konkret weisen.
An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.