Steierpolitik "D'EU soll net virun de Won sprangen"

Wéi eng Konsequenze ginn an der EU iwwert d'Paradise Papers gezunn? D'EU muss méi géint Steier-Evasioun ënnerhuelen, fuerderen ONGen an och d'Europäesch Kommissioun. Allerdéngs wiere sech d'EU-Memberlänner deels géint Mesuren, déi fir méi Transparenz suergen. Och Lëtzebuerg gehéiert dozou.

Danièle Weber

Pierre Gramegna
Pierre Gramegna: "Mir hu keng Lektioune vu Kengem ze kréien" (Foto: Europea Union / Mario Salerno)

Den EU-Kommissär fir d'Ekonomie a Finanzen, de Pierre Moscovici freet sech iwwert d'Paradise Papers. Si wieren eng gutt Méiglechkeet, datt et eng Prise de conscience bei den EU-Memberlänner gëtt.

Och de Valdis Dombrovskis, de Kommissär fir den Euro an de Sozialen Dialog, erhofft sech een neien Elan duerch d'Paradise Papers. "Dës Fäll weisen, datt et néideg ass, datt d'EU Länner sech zesummen engagéieren. Well et si schliisslech d'Memberlänner selwer, déi hir Steier-Recettë verléieren."

D'Reaktioun vum Lëtzebuerger Finanzminister Pierre Gramegna ass och éischter positiv, awer vun engem aneren Point de Vue. Hie géif feststellen, datt bei de leschte Leaks, "den Akzent ëmmer méi op Entreprisen an op Leit gesat gëtt a manner mam Fanger op Länner gewisen gëtt". Dat géif ënnersträichen, datt d'EU eng Avant garde wier, wann et ëm d'Bekämpfung vun der Steier-Evasioun geet. "Mir hu keng Lektioune vu Kengem ze kréien", sou déi selbstbewosst Ausso vum Lëtzebuerger Minister.

Schwaarz Lëscht vu Steieroase bis am Dezember

Op der Reunioun hu sech d'Ministeren ënner anerem mat enger europäescher schwaarzer Lëscht vu Steieroase befaasst. Als Konsequenz vun de Paradise Papers war dee Punkt op den Ordre du Jour gesat ginn. Bis elo gëtt et dat net, all EU-Land huet seng eege Lëscht.

Virun allem iwwert d'Critèren, déi festleeë wéi eng Länner op där Lëscht stoe sollen, gi sech déi 28 EU-Länner net eens. D'Critèrë goufe scho staark verwässert. Am Ufank sollten op déi Lescht Länner gehéieren, déi Entreprisen eng Nullbesteierung offréieren. Dat ass awer vum Dësch. D'EU-Finanzministere si sech och eens ginn, datt een EU-Land net kann op där Lëscht stoen.

Dës Lëscht soll elo séier kommen a muss credibel sinn, sou de Pierre Moscovici. An et misste Sanktioune virgesi ginn.

Do ass Lëtzebuerg awer net onbedéngt dofir. "De Fait, datt een op enger schwaarzer Lëscht steet, ass schonn u sech eng grouss Strof", seet de Pierre Gramegna. Hie wéilt sech awer net géint eng Diskussioun iwwert Sanktioune verspären.

Interview P. Gramegna

Bis am Dezember soll dës Lëscht zesummegestallt ginn. Wéi vill Länner dono drop stinn, ass net gewosst, sou de Pierre Gramegna. Et sollt awer méi wéi ee Land sinn, sou den däitsche Vertrieder, de Peter Altmaier.

ONGe fuerdere méi Transparenz

D'Léier, déi een aus de sougenannte Paradise Papers zéie kann, ass déi nämmlecht, wéi déi, déi een aus de Luxleaks oder de Panama Papers zéie konnt. Dat soen déi, déi sech dofir asetzen, datt an der EU den nationalen Autoritéite manner Steieren duerch d'Lappe ginn.

An éischter Linne geet et ëm Transparenz, seet de Carl Dolan, Direkter vun Transparency International zu Bréissel. "Bei de Paradise Papers kucke mir op 13,5 Milliounen Dateien. D'Journalisten-Team huet bal ee Joer gebraucht, fir dës Donnéeën z'ënnersichen. An et kann ee vun enger Steierverwaltung eigentlech net erwaarden, datt si alles iwwerpréift", seet den Carl Dolan. "Wat méi Leit op esou Donnéeë kucken, wat den Ofschreckungs-Effekt méi grouss ass, a wat et méi wahrscheinlech ass, datt een illegal Machenschaften opdecke kann."

An der Praxis géifen d'EU-Länner weiderhi wichteg nei Gesetzer op deem Gebitt blockéieren, seet Transparency International.

Lëtzebuerg bleift bei senger Positioun

Zum Beispill gëtt den Ament iwwert eng nei Reegel diskutéiert, no där déi reell Proprietäre vun Entreprisë misste public gemaach ginn. Dacks verstoppe si sech hannert komplizéierten Strukturen.

Dës weideren huet d'Kommissioun eng Reegel proposéiert, datt grouss Entreprisë mat engem Revenu iwwert 750 Milliounen Euro d'Joer hir Chifferen an all EU-Land, wou si aktiv sinn, ëffentlech missten zougänglech maachen.

D'Paradise Papers hunn näischt un der Lëtzebuerger Positioun geännert, seet de Pierre Gramegna. "Eis Positioun ass ëmmer de Level-playing field", erkläert de Lëtzebuerger Minister. Domat mengt hien, datt fir jiddereen um Weltmaart déi nämmlecht Konditioune gëlle sollen. De Pierre Gramegna wiert sech dogéint, "datt Europa virun de Won spréngt". Eppes, wat am Fong de franséische Kommissär als Wonsch ugedeit huet.

Lëtzebuerg ass dogéint, d'Donnéeën ëffentlech zougänglech ze maachen. Amplaz dovu sollt et méiglech sinn, datt d'Autoritéiten Informatiounen iwwert Entreprisen austauschen, sou de Pierre Gramegna, dee sech op d'OECD berifft. Si géif genee dat recommandéieren.

"Eiser Meenung no missten d'EU-Bierger, déi am meeschten ënnert der Steierevasioun leiden, och kënnen een Debat iwwert d'Aktivitéite vun deene Multinationale féieren", seet de Carl Dolan. An dowéinst missten d'Donnéeën och public sinn.

An der Mediathéik:

Europa Aktuell / / Danièle Weber
Lauschteren

Méi zum Thema

Werner Langen President vun Enquête-Kommissioun am EP
Steierflucht

D'Enquêtë-Kommissioun vum Europaparlament iwwert Blanchiment huet hire Rapport virgeluecht. Lëtzebuerg gëtt do kritiséiert. Et hätt ee misse virausgesinn, datt aneren EU-Memberlänner Steiersuen entginn.

Letzebuerg.jpg

Lëtzebuerg spillt eng Roll am weltwäite System fir Verméigen iwwer de Wee vun Bréifkëschtefirmaen ze verstoppen. Mussen d'Regele méi streng ginn, fir datt dobäi näischt Illegales geschitt?

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Resonanzen

  • On air

    Vun 3 bis 6

  • Tockcity

  • Jazz Unlimited - Wynton Marsalis - Live at the House of Tribes

  • Jazz Unlimited - Nomad The Group

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen