Et wier zwar net fir d'Éischt, datt d'EU eng seriö Kris erlieft, sou den Jim Cloos am 100,7-Interview. An de 60er Joren hätt Frankräich, zum Beispill, während e puer Méint guer net un europäesche Reuniounen deelgeholl. Eng Episod, déi als "politique de la chaise vide" an d'Geschicht agaangen ass. An an de 90er Joren hätt Dänemark Nee zum Maastricht-Traité gesot.
Zënter der Finanzkris vun 2008 hätt d'EU et awer mat enger ganzer "Accumulatioun" vu "Megakrisen" ze dinn, esou den Jim Cloos: "Georgien, d’Ukrain, d'arabescht Fréijoer, an natierlech d'Migratioun. An elo kënnt och nach de Brexit dobäi." Donieft hätt eng "Entfriemung" tëscht de sougenannten Elitten an "deenen normale Leit" dozou gefouert, datt déi representativ Demokratie a Fro gestallt gëtt.
D'EU fonctionnéiert "guer net sou schlecht"
A Krisesituatiounen hätt d’EU et heiansdo "e bësse schwéier" fir Äntwerte ze fannen, well se aus esou vill Institutiounen a Memberlänner besteet. Als Vize-Generaldirekter am EU-Conseil këmmert den Jim Cloos sech drëm, gemeinsam politesch Léisungen mat all den EU-Länner ze fannen. Hie seet et wier "normal", datt déi 28 Memberstaaten sech a Froe wéi der Migratioun net direkt eens wären: Esouguer zu Lëtzebuerg wier net jidderee sech eens, wei dorop soll reagéiert ginn.
Allgemeng géif den europäesche System "guer net esou schlecht" fonctionnéieren, sou den Jim Cloos, et misst awer dru geschafft ginn "méi operationell ze ginn fir méi séier kënnen a Krisenzäiten ze reagéieren."
Et däerfe kéng Länner ausgeschloss ginn
Eng méiglech Léisung ass e sougenannt "Europa vun de verschiddene Vitessen": Ënnert anerem Frankräich an Däitschland hu viru Kuerzem proposéiert datt eenzel EU-Länner hir Zesummenaarbecht verdéiwen, och wann anerer sech net wëlle bedeelegen.
Den Jim Cloos weist drop hin, datt dat keng nei Erfindung ass: Den Euro hätt och just 19, a keng 28 Memberlänner, an d'Schengenzon hätt am Ufank just fënnef Membere gehat. Och an der aktueller Situatioun wier et "keng schlecht Affaire", wann a gewëssene Beräicher just eenzel Memberlänner méi enk kooperéieren. An der Police-Kooperatioun geet, géif et zum Beispill vill méi Sënn maachen, datt Lëtzebuerg mat der Belsch, Frankräich an Däitschland zesummeschafft, wei mat Estonien oder Lettland. De Vize-Generaldirekter vum EU-Conseil ënnersträicht awer, en "Europa vue puer Vitessen" dierft awer kee Mechanismus ginn, fir verschidde Länner auszeschléissen.