Educatioun D'Elterevertriedung begréisst de Stufeplang fir d'Rentrée

D'national Elterevertriedung ass zefridde mat de sanitäre Reegelen, déi vun der nächster Woch un an de Schoule gëllen. Et géif een zum Beispill begréissen, datt an de Klassesäll keng Maske mussen ugedoe ginn, esou de President vun der Elterevertriedung.

Rick Mertens (Interview) / Chris Zeien (Web)

Alain Maassen
Den Alain Maassen ass de President vun der Elterevereenegung.

Virun allem Schüler am Fondamental si Kanner, déi eruwuessen a bei hinne wier et wichteg, datt hir sozial Kompetenzen gestäerkt ginn, seet den Alain Massen. "A wann déi de ganzen Dag mat enger Mask missten do setzen, dann ass dat gestéiert." Den Alain Massen fuerdert awer, datt de Ministère och e "Plang B" ausgeschafft.

Wann een nach eng Kéier an eng Situatioun géif kommen "wou nees alles misst méi agespaart ginn", misste Pläng stoen, fir déi Schüler, déi zäitweis doheem sinn. Et géif net duergoen deene Kanner just Aufgaben ze schécken, oder si opzefuerderen, fir sech selwer um Internet virunzebilden. Et misst och e Pool vun Enseignanten disponibel sinn "dee vläicht grad déi Schüler doheem kontaktéiert, déi bei deem Ganze benodeelegt ginn, fir datt mat deenen eng eent zu eent Aarbecht ka stattfannen".

Den Alain Massen ass och frou, datt d'Kanner kee Féiwer an der Schoul solle gemooss kréien, well dat zu enger Veronsécherung vun de Schüler kéint féieren.

De President vun der Elterevertriedung betount och, den Dialog mam Educatiounsminister hätt iwwer de Summer gutt funktionéiert. De Claude Meisch hätt méi mat den Elterevertrieder geschwat, an hir Iddien och zu engem groussen Deel berücksichtegt.

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / / radio 100,7
Lauschteren

Méi zum Thema

Martine Hansen
Educatioun

Den Educatiounsminister Claude Meisch hätt den Deputéiert keng pedagogesch Neierungen annoncéiert, bedauert d'CSV no der zoustänneger Chamberkommissioun. Et géif och kee Plang fir den Encadrement vu vulnerabele Kanner wärend der Corona-Pandemie.

Schoulsall
Educatioun

Den nationale Schülercomité CNEL ass prinzipiell mam Stufemodell zefridden, deen e leschte Freideg virgestallt gouf. Et wier wichteg, datt een trotz dem Coronavirus an der Schoul eng gewëssen Normalitéit schafe géif.

Den Enseignant Jean-Jacques Muller
Bildungsdifferenzen

D'Zil vun den Nohëllefscourse wier et, déi Lacunnen opzeschaffen, déi duerch de Confinement entstane sinn, esou den Educatiounsminister. Mee wéi leeft dat Ganzt of, a wat soen d'Schüler zu den Nohëllefscoursen?

Claude Meisch
Coronavirus a Schoul

Déi meescht Jugendlech géife sech an der Famill infizéieren, seet de Claude Meisch. Famille mat Kanner géifen dofir an de Fokus vum Large-Scale-Testing réckelen. Schüler géife méi "cibléiert" getest ginn, esou den Educatiounsminister.

Programm

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen