Europawahlen D'Elefanteronn am Trammschapp

D'Vertriedung vun der EU-Kommissioun zu Lëtzebuerg huet op eng Elefanteronn agelueden, mat Vertrieder vun all de Parteien, déi hei am Land bei den Europawahlen untrieden. D'Parteikandidate goufen zu hire Positioune befrot a punkto Klimaschutz, Digitaliséierung an Zukunft vun der EU. Diskutéiert gouf an zwou Gruppe vu jee fënnef Kandidaten. Déi zéng Kandidate goufe per Lous an eng vun dës zwou Gruppen gewielt.

Stephan Polet / cbi

Elefanteronn
Foto: Union européenne, 2019

Wéi den Zoufall et wollt, sinn an där éischter Grupp éischter Parteie vum rietse Spektrum gelant: hei vertruede waren déi Konservativ, d'DP, VOLT, d'CSV an d'ADR. Am zweete Grupp souze Kandidate vun déi gréng, déi Lénk, der LSAP, de Piraten an der KPL.

Europäesch oder national Interessen

Gréisser Kontroverse gouf et a kenger vun den zwou Gruppen. Et war awer beim drëtten Thema vum Owend, der Zukunft vun der EU, wou een am kloersten d'Ënnerscheeder tëschent de Parteie gesinn huet.

"Mir si ganz kloer fir en neit Europa mat enger Constitutioun, déi een duerch e Parlament gewielte Premierminister eng Regierung forméiert a wou de President direkt vun de Leit gewielt gëtt.", esou de Christopher Lilyblad, vun der paneuropäescher Partei VOLT. déi Konservativ an d'ADR hu sech dogéint fir en Europa vun de Natiounen ausgeschwat.

De Gast Gibéryen vun der ADR ka mat den Iddie vu VOLT net vill ufänken: "Mir sinn och dogéint, datt ee President vun de Bierger gewielt gëtt. Mir gi jo an d'Europaparlament fir Europa, mee och fir d'Interesse vu Lëtzebuerg ze vertrieden."

Lëtzebuerger am Europaparlament

Mat sechs Deputéierte kéint Lëtzebuerg net vill bewierken am EU-Parlament, esou de Gast Gibéryen. De Joe Thein vun déi Konservativ huet sech par konter dofir ausgeschwat, datt d'EU-Parlament soll eege Propositioune fir Reglementer kenne maachen.

Fir en Initiativrecht vum Parlament sinn och de Christophe Hansen vun der CSV an de Charel Goerens vun der DP: "An der Eurozon hu mir e Rettungsschierm, dee bis 800 Milliarden Euro ka mobiliséieren, dee vu kengem Parlament kontrolléiert gëtt. D'Europaparlament soll déi Missioun iwwerdroe kréien.", esou de Charel Goerens.

D'EU reforméieren

D'EU kéint een net reforméieren a sollt ofgeschaaft ginn. Amplaz sollt eng Zesummenaarbecht tëschent de Länner kommen, esou gesäit den Ali Ruckert vun der KPL d'Zukunft vun der EU. D'Marie-Paule Dondelinger vun der Piratepartei huet virun allem op den Demokratiedefizit higewisen, deen an der EU géif bestoen.

Foto: Union européenne, 2019

Déi aner Kandidaten am zweete Grupp vum Owend hunn da virun allem eenzel Virschléi gemaach, wéi een d'EU kéint reforméieren. D'Tilly Metz vun déi gréng erënnert drun, datt "wann ee weess, datt 75 Prozent vun de Gesetzer, déi national gestëmmt sinn, Ëmsetzunge vun EU-Direktive sinn, da fannen ech muss déi Kommunikatioun tëschent dem Europaparlament an dem nationale Parlament verbessert ginn."

Den David Wagner vun déi Lenk huet virun allem d'Austeritéitspolitik kritiséiert, déi vun der EU géif gemaach ginn, "zum Beispill déi Stabilitéitskrittären: Dat ass Science-Fiction. Dat mécht ekonomesch guer kee Sënn. Vu liberale bis marxisteschen Ekonome soe si all, datt dat komplette Bullshit ass."

Eestëmmegkeet a Steierfroen

Da war nach d'Fro op den EU-Conseil méi Entscheedung mat enger qualifizéierter Majoritéit soll treffen, och a Steierfroen. Et misst eng Evolutioun an déi Richtung ginn, sot dozou den Nicolas Schmit vun der LSAP: "Dat muss net déi normal qualifizéiert Majoritéit sinn. Dat muss och net op all Aspekt vun de Steiere falen."

Ähnlech hu sech d'Tilly Metz, den David Wagner an de Christopher Lilyblad positionéiert. D'Kandidate vun der DP, CSV, ADR an déi Konservativ hu sech fir d'Bäibehale vum Prinzip vun der Eestëmmegkeet a Steierfroen ausgeschwat.


An Zesummenaarbecht mat Euranet Plus, dem gréissten europäesche Radio-Reseau fir EU-Aktualitéit.

An der Mediathéik:

Aktuelles / / Stephan Polet
Lauschteren

Méi zum Thema

Ali Ruckert
Europawahlen 2019

D'EU ass kee Friddensprojet, seet den Ali Ruckert. De KPL-President a Spëtzekandidat bei den Europawahle kritiséiert, datt Frankräich an Däitschland een "neo-koloniale Krich" a Mali géife féieren.

Joe Thein
Europawahlen 2019

Bei den Europawahle wëllen Déi Konservativ méi Stëmme kréie wéi bei de Chamberwahlen. Esou géif ee bestätegt kréien, déi richteg Politik ze maachen. E Wahlprogramm soll an den nächsten Deeg verëffentlecht ginn.

Isabel Wiseler-Lima
Europawahlen 2019

Nuancen tëschent dem Wahlmanifest vun der Europäescher Vollekspartei an de Programme vun hiren nationale Memberorganisatioune wieren normal. Dat seet d'Isabel Wiseler-Lima. D'Sensibilitéite wiere vu Land zu Land ënnerschiddlech.

Carole Thoma
Europawahlen 2019

déi Lénk wier prett fir no den Europawahlen e Vertrieder an dat Europäescht Parlament ze schécken. Dëse soll géint déi multinational Konzerner kämpfen a fir d'Interesse vun de Leit, seet d'Carole Thoma.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

Net verpassen

  • Riicht eraus: Wéi eng Press(ehëllef) fir Lëtzebuerg?

    Riicht eraus

    Am Joer 2020 eng Zeitung erauszebréngen ass net einfach. Déi geschriwwe Press ass wéinst dem Internet an neie Gewunnechte vun de Lieser a Lieserinne mat enger Baisse vun de Verkafszuele a vum Ëmsaz konfrontéiert.

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun hire Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen