Educatioun D'Direktesch vun der "Béiermans" gëtt geéiert

De Staatsminister Xavier Bettel ass zu Besuch op Paräis. Wärend senger Visitt huet hien och dat Belsch-Lëtzebuerger Studentewunnheem Fondation Biermans-Lapotre besicht, fir do d'Direktesch am Numm vun der Regierung ze éieren. D'Diane Miller hätt sech an hire siwe Joer Déngscht vill fir hier Residenten agesat, sou de Premier. Eise Paräis-Korrespondent Léonardo Kahn war fir eis bei der Zeremonie.

Diane Miller Direktesch vun der Fondation Biermans-Lapotre

D'Entrée vun der Béiermanns ass ofgespaart: esou héijrangege Besuch kënnt seelen an d'Cité Universitaire zu Paräis. D'Direktesch Diane Miller geet am August an d'Pensioun. Als éischt Fra an éischt Lëtzebuergerin, déi d'Studentenwunnheem geréiert, gouft hënt hiert Engagement vun der lëtzebuergescher Ambassadrice, vum belschen Ambassadeur a vum Premier Minister gewierdegt

An der Mediathéik:

Aktuelles / / Léonardo Kahn
Lauschteren

Méi zum Thema

Studentin Rania 2
Lëtzebuerger Studenten ze Paräis

Och Studenten hunn et an der Corona-Pandemie net einfach. A Frankräich hu se dowéinst d'lescht Woch demonstréiert. De Staatspresident Emmanuel Macron huet als Reaktioun dorop den Donneschden nei finanziell Hëllefen annoncéiert.

Benjamin Kinn
Generalversammlung

D'Studentevereenegung ACEL hat op Stiefesdag hir Generalversammlung. Et gouf de Bilan gemaach, vun den Erausfuerderungen, déi sech de Studenten an dësem spezielle Joer gestallt hunn.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen