Gesondheetskeess D'CNS an hire strukturelle Finanzéierungsproblem

De Budget vun der Gesondheetskeess fir 2023 gouf fristgerecht ugeholl. De 15. November ass do d'Deadline; de Verwaltungsrot vun der CNS huet d'lescht Woch scho säin Accord ginn. De Budget beleeft sech op méi wéi véier Milliarden Euro a wäert (de Previsiounen no) mat engem Minus vun zéng Milliounen Euro ofschléissen.

Maurice Molitor / cbi

CNS
Symbolbild. Foto: Archiv

Bei enger Gesamtenveloppe vu 4,2Milliarden Euro kléngen 10 Milliounen Defizit vläicht no Peanuts. Mee déi rout Zuelen maachen der CNS awer Suergen: net wéinst dem Montant, mee wéinst der Tendenz.

De Minus ass nämlech keen eemolegen Ausrutscher, mee Ausdrock vun engem strukturelle Problem: d'Recettë ginn net méi duer fir d'Depensen ze decken, dëst Joer wäerte viraussiichtlech 55 Millioune feelen, an d'nächst Joer muss also erëm an d'Reserv gegraff ginn, fir d'Lach an der Keess ze fëllen.

Reserven: Kritesche Punkt kéint 2028 erreecht ginn

Déi Reserv ass awer net onendlech, a se dierf scho guer net ënner e gewëssen Niveau falen - dat verbitt d'Gesetz. Ee Moment hat et duerno ausgesinn, wéi wann dat 2026 awer kéint geschéien.

Elo gëtt dee Kipppunkt wuel eréischt 2028 erreecht: déi neist Projektioune vum STATEC a Saachen Emploi a wirtschaftlech Entwécklung sinn nämlech en Tick méi optimistesch.

Trotzdeem gëtt elo schonn no Piste gesicht, wéi een d'CNS mëttelfristeg nees an e finanziellen Equiliber ka bréngen.

Aarbechtsgrupp sicht no Léisungen

En Aarbechtsgrupp, dee bis déi nächst Quadripartite am Fréijoer liwwere soll, huet grad ugefaange mat schaffen - an engem ganz konstruktive Geescht, wéi de President vun der Gesondheetskeess Christian Oberlé betount.

E wier sech nämlech fir unzefänken direkt eens gewiescht, datt all Facteur, deen en Impakt op Recetten an Depense kann hunn, op den Dësch soll kommen an "datt wa mer dat Gesamtbild hunn, duerno eréischt ufänken ze iwwerleeën, wat machbar ass an ënner wéi enger Form."

Et gëtt also vu kenger Säit iergend en Theema direkt zum Tabu erkläert. Och wann ee weess, wat Patronats- a Salariatsvertrieder tendenziell léiwer hunn.

Ännerunge bei Cotisatiounen oder Depensen

Mee eng Augmentatioun vun de Cotisatioune gëtt grad esou wéineg ausgeschloss wéi eventuell Aspuerungen op der Depensesäit.

Do lafen iwweregens parallel och scho Verhandlunge mat Spideeler a Prestatairen, déi däitlech gemaach kruten, sou de Christian Oberlé, datt d'Beem d'nächst Joer net an den Himmel wuessen:

"Dat ass keen einfache Message, also et ass net einfach dee Message un d'Prestatairen ze bréngen, well dat jo net onbedéngt eng Erliichterung vun hirer eegener Situatioun ass."

D'Prestataire leiden nämlech ënner de Konsequenze vun der Pandemie a vun der Inflatioun.

Mee d'CNS muss eben oppassen, datt d'Depensen hir net aus dem Rudder lafen, ëmsou méi, well zousätzlech Käschten op si duerkommen.

40 Milliounen Euro fir Remboursement vu Psychotherapien

40 Milliounen Euro stinn am Budget fir de Remboursement vun de Psychotherapien, déi stoungen och dëst Joer schonn dran, sinn awer - aus de bekannte Grënn - net gebraucht ginn. De Christian Oberlé hofft elo, datt dat 2023 anescht geet:

"Also normalerweis gi mer jo net gär Suen aus, mee hei hoffe mir, datt mer déi 40 Milliounen, déi mer am Budget stoen hunn, den Assuréë kënnen zur Verfügung stelle fir de Remboursement vun der Psychotherapie."

An dee Remboursement kënnt wuel och, egal wéi - souguer wann d'Mediatioun tëscht CNS a Fapsylux (dem Beruffsverband vun de Psychotherapeuten), déi aktuell nach ëmmer leeft, mat engem Echec op en Enn goe sollt. Dee Moment hëlt nämlech en Drëtten eng Decisioun.

An der Mediathéik:

Aktuelles / / Maurice Molitor
Lauschteren

Méi zum Thema

Lynn Settinger
Gesondheetsskeess

Léiwer d'Cotisatiounen eropsetze wéi Leeschtunge kierzen: dat ass d'Positioun vum OGBL fir den Defizit bei der CNS auszegläichen. Och en Ophiewe vun der Deckelung kéint d'Léisung sinn, seet d'Lynn Settinger.

Paulette Lenert bei der Quadripartite zu Munneref
Gesondheetskeess

D'Finanze vun der CNS bleiwen am roude Beräich: Den Defizit läit fir 2022 viraussiichtlech bei 55 Milliounen Euro. Dat Joer drop soll e bei 10 Milliounen Euro leien. D'Reserve kéinte bis 2027/28 opgebraucht sinn.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Alles iwwer de Podcast Schlechte Schüler

    An eisem Dossier fannt dir sämtlech Episode vun eisem Podcast Schlechte Schüler, Interviewe mat Schoulexperten an déi komplett Transkripter vun den eenzelnen Episoden.

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen