#MeToo D'Patten ewech! D'Bezéiungen tëschent Fraen a Männer

Wéi een Impakt huet d'Protestbeweegung #MeToo ? Wat seet si aus iwwert d'Relatioune Fra-Mann ? Wat kann ee maache fir sexuell Belästegung ze verhënneren ? Gëtt et ee Kampf tëschent zwou Generatioune vu Feministinnen ? D'Presidentin vum Planning familial Ainhoa Achutegui, d'Historikerin Renée Wagener an de Francis Spautz vum Berodungsdéngscht Infomann hunn driwwer diskutéiert.

Michel Delage

Riicht Eraus ainhoa achutegui renée wagener francis spautz.JPG
Ainhoa Achutegui, Renée Wagener a Francis Spautz

D'Beweegung #MeToo, eng Reaktioun op d'Affär Weinstein, hätt eng "libération de la parole" bewierkt, sou d'Ainhoa Achutegui. ''Patriarchal Strukturen'' an d'Ausnotzung vu Muechtpositiounen, ob vu Männer oder Fraen, géifen elo allgemeng beschwat ginn, net nëmme vun den ''übleche Verdächtegen''.

Eng #MeToo-Beweegung gouf schonn 2006 vun enger afro-amerikanescher Aktivistin an d'Liewe geruff, fir benodeelegte schwaarze Fraen ze hëllefen, déi Affer vu sexuellen Iwwergrëffer waren. D'Tarana Burke ënnerstëtzt zwar déi nei Beweegung, déi de leschten Hierscht zu Hollywood lancéiert ginn ass. Allerdéngs bedauert si, datt d'Schauspillerinnen deemools net vill Interessi un hirem Usaz gewisen haten. ''Datt et elo kritiséiert gëtt, well et ze wäiss ass, kann ech absolut novollzéien'', seet d'Presidentin vum Planning familial Ainhoa Achutegui.

Muechtstrukturen a Fro gestallt

Fir d'Renée Wagener hätt #MeToo ''awer d'Potential, fir ganz vill Fraen unzeschwätzen, egal wéi eng Hautfaarf se hunn''. Der Historikerin no wieren et ''vläicht e bëssen Nowéie vun de 70er Jore vun der Fraebeweegung''. Deemools wiere fir d'éischte Kéier déi sexuell Selbstbestëmmung vun de Fraen a Gewalt massiv thematiséiert ginn. Konventiounen (wat geet, wat geet net) géifen elo a Fro gestallt ginn. Frae wieren elo vläicht nach eng Kéier méi selbstbewosst gi fir ze soen: ''Mir loossen eis dat do net méi bidden''. Iwwregens géif d'Problematik net méi nëmme Fraen a Männer betreffen, mee och transsexuell Leit.

Obwuel Spréch ewéi ''Féier dach keng op'' bei sexuellen, kierperlechen Agressiounen hautdesdaags éischter seele wieren, hätt sech am Discours näischt geännert. D'Renée Wagener nennt d'Beispill vun desagreabele Männerwitzer. Frae wieren duerch hir Educatioun net drop virbereet, sech selbstbewosst dogéint ze wieren. Des weidere wiere vill Leit ëmmer nach der Meenung, datt eng Vergewaltegung justifiéiert ass wann d'Fra ze sexy ugedoen ass.

De Psycholog Francis Spautz huet op ee Paradox higewisen. Engersäits géif et Muechtstrukture ginn, déi sech un der Ideologie vum Wirtschaftswuesstem orientéieren. ''Anerersäits solle mer selbstbewosst sinn, eis Besoinen artikuléieren an deen Anere Wouer huelen. Dat passt alles iergendwéi net esou richteg zesummen'', mengt de Responsabele vum Berodungsdéngscht Infomann. ''D'Schoul soll virbereeden op d'Liewen, net op d'Wirtschaft''. Sozial Kompetenze géifen nämlech ëmmer méi norméiert a polariséiert ginn.

D'Grenzen tëschent Flirt a Belästegung

Fir de Francis Spautz ass d'Grenz kloer : ''en " Neen " ass en " Neen ", dat brauch net justifiéiert ze ginn. (...) Wann ech engem anere Mënsch " Neen " soen, da soen ech och " Jo ", " Jo " zu menger Integritéit''. Dat wier och keng Devalorisatioun vun där anerer Persoun. Senger Meenung no géif am Discours iwwer sexuell Bezéiunge wéineg iwwer Léift, respektiv iwwer Häerzlechkeet geschwat ginn. ''D'Fäegkeet vun der Empathie, fir sech op säi Gespier kënnen ze verloossen, schéngt onsécher ginn ze sinn''.

Wann een enger Fra am Lift, um Büro oder op der Strooss begéint, da wier et ''a priori tabu iwwert eng Fra verbal oder handgräiflech hierzefalen'', seet de Francis Spautz, deen a sengem Service Jongen a Männer beréit, ënnert anerem iwwert den Ëmgank mam anere Geschlecht. ''Wann ech dann eng Avance maachen an ech spieren, et kënnt guer net gutt un, dann zéien ech dorausser meng Konsequenzen an hale meng Patte bei mir''. Een Däiwelskrees géif dann ufänke wann de Mann sech ënner Ëmstänn erausgefuerdert, devaloriséiert spiert a mengt, nach mussen eng Schëpp drop ze leeën.

Geet d'Erotik verluer ?

D'Ainhoa Achutegui gesäit dat och esou : ''vun deem Moment un, wou vun deenen zwou Säite keng Chimie entsteet, dann ass et kloer, datt de Flirt net ka stoen. Wann een trotzdeem weider geet, ass de Risiko grouss, datt et sech ëm Belästegung handelt''. Op Kontaktdéngschter wéi Tinder wier et jo och gereegelt a kloer, firwat een do ass. Ähnlech kéint een och d'Reegele fir d'Erotik op der Aarbechtsplaz fixéieren, seet d'Presidentin vum Planning familial.

An den Ae vum Renée Wagener wier d'Trennung tëschent Sexualitéit an Häerzlechkeet bei de Fraen hautdesdaags méi offensichtlech. Allerdéngs wieren d'Leit - op deenen zwou Säiten - net bereet iwwer d'Saachen eng kloer Sprooch ze schwätzen an ze soen, wat se wëllen a wat se net wëllen. Geet doduerch d'Romantik verluer? ''Mir hunn och misste léieren, datt ee muss iwwer Verhütung schwätzen''. D'Historikerin plädéiert fir eng Entmystifizéierung vun der Romantik, vun den ënnerschiddlechen Erwaardungen (grouss Léift, Eruewerung), déi Fraen a Männer virun enger sexueller Relatioun hunn.

Och ee One night stand ''huet nawell eppes mat engem Besoin un Unerkennung ze dinn, vu sech spieren, deen anere spieren, a Relatioun mateneen ze kommen'', fënnt de Francis Spautz. ''Och wann et ofgestridde gëtt, et huet eppes mat der Sich no Léift ze dinn, a vläicht mat enger Absence u Bereetschaft, de Präis fir Léift ze bezuelen''.

Firwat gëtt et sexuell Belästegung ?

Eng vun den Ursaache vu sexueller Belästegung ass fir d'Ainhoa Achutegui eng ''Iwwerpornographisatioun'', där Jugendlecher hautdesdaags ausgesat wieren. Dat géif bei hinnen zu falsche Perceptiounen a Bezuch op Sexualitéit féieren. D'Fuerderung no Leeschtung an der Sexualitéit kéint Exzesser provozéieren, déi da vun der #MeToo-Beweegung denoncéiert ginn.

Datt Jongen a Meedercher sech zesumme Gedanken doriwwer maachen, wier ee vun de wichtegste Punkte vun der ''Education sexuelle et affective'', sou wéi se vum Planning familial ugebuede gëtt. Seng Presidentin ass der Meenung, datt ee misst ophalen, béide Geschlechter Rollen zouzeschreiwen, zum Beispill, datt Jongen aktiv a Meedercher passiv solle sinn.

Dem Renée Wagener no hunn d'Medien eng grouss Responsabilitéit. ''Si liwwere Virlagen iwwert de sentimentalen Ëmgank tëschent de Leit, déi sech extrem staark op d'Virstellungen auswierken. Et ass schwéier sech dovunner ze befreien''. D'Gesellschaft misst méi driwwer schwätzen an agräifen, wa Saache schif lafen, sou d'Historikerin. Do géif sech d'Fro stellen, wéini de Staat muss agräifen. Beim Thema vun der Gewalt am Stot hätt et fir d'éischt misste Gesetzer ginn ier eng Entwécklung komm wier. ''D'Gesellschaft muss kloer soen: dat geet net!''

''Brauche mer net eng nei Galanterie?''

De verbalen Ëmgank tëschent Jugendlechen op sozialen Netzwierker wier dacks extrem brutal an aggressiv, fënnt d'Renée Wagener. Kann déi klassesch Galanterie, sou wéi se sech vum 17. Joerhonnert un a Frankräich entwéckelt hat, an am 20. Joerhonnert vu Feministinnen a Fro gestallt ginn ass, nees eng Inspiratiounsquell sinn, fir e respektvollen Ëmgank tëschent de Geschlechter ze fërderen ? ''D'Galanterie war deemools mat enger klorer Rolleverdeelung verbonnen'', gëtt d'Historikerin ze bedenken. Haut wier dat net méi sou kloer, dofir kéint een sech froen: ''Brauche mer net eng nei Galanterie?''

Quitt datt d'68er-Beweegung och wollt Tabue briechen an iwwer Grenzen ewech goen, misst een a Bezuch op d'Zesummeliewen an enger Gesellschaft schonn iwwer Konventioune schwätzen

D'Renée Wagener hält et fir problematesch, wann Nimm vun Täter op de soziale Reseaue verëffentlecht ginn. ''Et gëtt ee legale Kader, mat Prozeduren, mam Recht gehéiert ze ginn, mam Recht op d' " présomption d'innocence "''. Allerdéngs wier dat och eng Konsequenz dovunner, datt Police a Justiz déi Saachen eng ganz laang Zäit net eescht geholl hätten.

Fir Sexismus bei der Police ze bekämpfe wier et wichteg, Schoulungen do ze maachen, sou d'Ainhoa Achutegui. Et wier och wichteg gewiescht, datt dee Beruff sech fir Fraen opgemaach huet. ''Männer léieren doduerch och een aneren Ëmgank mat esou Fäll''.

Kampf tëschent zwou Generatioune vu Feministinnen ?

Eng vun de Reaktiounen op #MeToo, déi am meeschte kommentéiert ginn ass, ass de Manifest, deen a Frankräich eng Partie Fraen, dorënner d'Schauspillerin Catherine Deneuve an d'Schrëftstellerin Catherine Millet, an der Zeitung Le Monde verëffentlecht hunn (" Nous défendons une liberté d'importuner, indispensable à la liberté sexuelle "). Fir d'Ainhoa Achutegui wier deen Text ''nieft der Plaque''. Déi Frae géife vun enger ''privilegéierter Situatioun eraus schwätzen ". Domat géifen si eng ganz Beweegung, virun allem vu jonke Fraen, déi d'Wuert ergräifen, futti maachen.

D'Renée Wagener mengt net, datt do eppes géif futti gemaach ginn. ''Am Géigendeel, do kënnt elo eng Diskussioun op''. Ënner Ëmstänn kéim do schonn ee Kampf tëschent zwou Generatioune vu Feministinnen zum Ausdrock. D'Catherine Deneuve war 1971 ënnert den 343 Signatairë vun engem Manifest vu Fraen, déi zouginn haten, ofgedriwwen ze hunn - eppes wat deemools a Frankräich illegal war a mat Prisong konnt bestrooft ginn.

Allerdéngs hätten sech d'Norme vun enger Generatioun op déi aner verännert, erkläert d'Historikerin. Ënnert anerem Begrëffer wéi ''Galanterie'' a ''Libertinage'' géifen op eng Attitüd zur Sexualitéit oder erotesche Bezéiunge vun deemools (a vläicht nach méi staark a Frankräich) verweisen. Dat hätt elo näischt méi mat der Realitéit vun haut ze dinn, wou et ëm Situatioune vu Subordinatioun géif goen. Do wier net nëmme sexuelle Pleséier am Spill, mee och Erniddregung vun deem Aneren, a Verbindung mat wirtschaftleche Contrainten. ''D'Fräiheet ass net ëmmer do fir ze soen, ob ee wëll oder net'', sou d'Renée Wagener.

De Francis Spautz gëtt ze bedenken, datt ''all déi Leit iwwer d'Tatsaach ewech fueren, datt et aner Fraen a Männer gëtt, déi esou eppes net wëllen an déi wëlle respektéiert ginn. Do feelt et einfach un Empathie fir aner Positiounen''.

An der Mediathéik:

Riicht eraus / / Michel Delage
Lauschteren

Méi zum Thema

Valerija Berdi Meenung
Mëssbrauch vu Muecht

Wat hunn Aktioune vu Women's March, iwwert MeToo bis Time's up bewierkt? Wéi entlarvend si se fir eis Gesellschaft? A brénge si den erwënschten Effekt? E Kommentar vum Valerija Berdi.

Sexuell Belästegung
Sexuell Belästegung

Mam Hashtag #metoo hu sech vill Fraen op de sozialen Netzwierker zu Wuert gemellt. Domat soe si, datt si op der Aarbecht belästegt goufen. Och zu Lëtzebuerg ass sexuell Belästegung een Thema.

Adrienne Truscott
Humor

D'Wouerecht kann een un d'Laache bréngen. Och wann et ëm Vergewaltegung geet. Déi amerikanesch Artistin Adrienne Truscott entlarvt mat hirem Optrëtt d'Heuchlerei ëm sexualiséiert Gewalt géint Fraen.

Programm

  • Vu 6 bis 10

  • On air

    Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen