Chronik D'Begriefnes vum Daunte Wright zu Minneapolis
Nëmmen zwee Deeg nodeems den Ex-Polizist Derek Chauvin zu Minneapolis fir de Mord um Afro-Amerikaner George Floyd schëlleg gesprach gouf, koum et an där nämmlechter Stad zum Begriefnes vun engem weidere schwaarze Mann, dee vun enger wäisser Polizistin erschoss gouf. Bei der Trauerfeier fir deen 20-Joer alen Daunte Wright waren och Familljemembere vum George Floyd dobäi.
Et ass eng Zyklus an den USA, genee ewéi d'Massen-Schéissereien. Wäiss Polizisten, déi schwaarz Männer a Fraen erschéissen, dacks ouni ze probéieren eng Situatioun ze berouegen. Hautdesdaags gin déi Momenter ëmmer méi gefilmt, sief et vun Aenzeien oder vun de Kameraen, déi vill Polizisten um eegene Kierper droen. Déi Aenzeien, déi wëssen, datt wa wäiss Polizisten an e schwaarze Quartiere geschéckt ginn, et un der Zäit ass den Handy auszepaken an alles ze dokumentéieren. Do ass direkt dat Gefill dat eng relativ harmlos Situatioun séier ausser Kontroll gerode kann.
Dokumentéiere gëtt essentiell
Esou war et beim Mord um George Floyd. Ouni de Video vun engem 17 Joer jonke Meedche wier et villäicht net zum Urteel géint den Ex-Polizist komm. D'Famill vum George Floyd huet e bësse gefeiert, nom Urteel huet sech séier missen un déi batter Realitéit upassen. Si hu gëschter deelgeholl un der Trauerfeier vum Daunte Wright, och zu Minneapolis.
An engem Viruert vun dëser Stad gouf hie viru bal zwou Woche vun enger wäisser Polizistin erschoss. Hie gouf a sengem Auto no enger Verkéierskontroll ëm d'Liewe bruecht. Hien huet sech gewiert, si wollt den Taser benotze fir hien ausser Gefecht ze setzen, mee huet am Plaz hir Pistoul benotzt. Si huet sech bei de Waffe vergraff, sot d'Police. Dat hunn déi mannst gegleeft. Si an hire Chef sinn zeréckgetrueden, a si gouf wéinst Doudschlag ugeklot.
Et sinn der einfach ze vill
Alles gouf mat der Kamera gefilmt, déi um Kierper vun all Polizist hänke soll. Et ass eng brutal Zen. Änlech wei de Mord um George Floyd, just vill méi séier. Och hei ass eng Situatioun mat minimalem Risiko fir d'Polizisten ausser Kontroll geroden an huet zu engem Doud vun engem onbewaffnete schwaarze Mann gefouert.
Beim Daunte Wright senger Trauerfeier huet och de Biergerrechtler Al Sharpton geschwat. Hien ass bei all deenen Evenementer dobäi, an erënnert ëmmer nees un d'Police-Brutalitéit an de Rassismus an den USA.
Mam Urteel fir den Derek Chauvin sinn déi Evenementer net eriwwer, mee op d'mannst hunn Afro-Amerikaner elo d'Gefill, datt Polizisten net méi immun si virun der Justiz. Mee et ass schwéier all dës Fäll vu schwaarzen Amerikaner, déi vu Polizisten erschoss ginn iwwerhaapt ze zielen.
Ech kéint et probéieren - mee et sinn der einfach ze vill. Tëscht dësem Moment an deem ech dës Wierder ophuelen an deem Moment wou dir se lauschtert oder liest, ass warscheinlech nach ee schwaarze Mann un den Hänn vun engem wäisse Polizist gestuerwen.