No de schwéiere Stierm am Süde vu Lëtzebuerg "D'Assurancen hëllefe bei Demarchen a fir Suen ëremzekréien"

D'Assurancen hunn hire Cliente verséchert, si nom Tornado ze ënnerstëtzen. Zanter dem Freideg den Owend wieren déi meescht Agencë fir hir Clienten op, seet de Marc Hengen, Direkter vun der ACA, dem Daachverband vun den Assurancen.

Maxi Pesch / cz

Marc Hengen
Marc Hengen

Informatioune vum Marc Hengen, dem Direkter vun der ACA


D'Leit solle sech bei hiren Assurancë mellen. Si solle wa méiglech Fotoe vun de Schied maachen an da ka sou séier wéi méiglech gefléckt ginn, sou de Marc Hengen. Et géif keen Delai, deen ee kéint verpassen. "Mir kucken, fir datt dat Néidegt gemaach gëtt, fir datt d'Leit ënner Daach kommen. D'Assureuren hëllefen an den Demarchen an dono fir d'Suen erëmzekréien."

Zu Lëtzebuerg hätt et, senges Wëssens no, nach ni en Tornado ginn, seet de Marc Hengen. Zanter immens schroe Stierm an den 90er Jore géifen et awer Assurancë géint Stuerm, Knëppelsteng a Schnéi ginn. Dës Assurancë géifen och an dësem Fall asprangen. "Déi Assurance deckt d'Schied um Haus of, an och wann Objeten zum Beispill an d'Haus geschleidert goufen, an do Schued gemaach hunn", sou den Direkter vun der ACA. Fir Betriber géif et keng esou "Standard-Produiten", mee hir Gebaier kéinten och géint Feier a Stuerm verséchert sinn. Autoe wiere vun der Kaskoversécherung ofgedeckt, esou nach de Marc Hengen.

Méi zum Thema

PK no Tornado
No Tornado am Süde vu Lëtzebuerg

De Plan intemperies gouf declenchéiert fir finanziell Hëllef séierst méiglech kënne fräizesetzen. Weider Prioritéite sinn d'Securisatioun vun den Haiser an den Héichspannungsleitungen, sou den Direkter vum CGDIS.

Käerjeng 1
Schwéier Onwiederen

Beim Passage vun engem Tornado, deen de Freideg schwéiere Materialschued am Raum Péiteng gemaach huet, goufe 14 Leit blesséiert. Um hallwer 3 an der Nuecht waren der nach zwee vun hinnen hospitaliséiert, deelt d'Regierung mat.

Opraumen no Tornadoen zu Péiteng
Tornadoen

Bei de schwéieren Onwiederen am Süde vum Land sinn am Ganze siwe Persoune blesséiert ginn, eng dovu méi schlëmm. Dat schreift de CGDIS an engem Communiqué um néng Auer de Freideg den Owend.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Dossier: Relatiounen tëscht Portugal a Lëtzebuerg

    Haut ass et den zweeten a leschten Dag vun der Staatsvisitt a Portugal. Eng grouss Lëtzebuerger Delegatioun ass den Ament zu Lissabon. An eisem Dossier fannt dir all eis Bäiträg an Artikelen iwwer d'Theema.

  • De Krich an der Ukrain

    De 24. Februar 2022 huet Russland d'Ukrain militäresch iwwerfall. Déi westlech Länner hu mat Sanktioune reagéiert, Millioune vu Leit sinn aus der Ukrain geflücht.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen