Obwuel d'Banken an Assurancë-Gewerkschaft de Seuil vu 50 Prozent fir déi sektoriell Representativitéit an der Salariatskammer bei de Sozialwahlen net erreecht huet, behält d'ALEBA awer d'Recht fir Kollektverträg ze ënnerschreiwen. D'ALEBA wier och an enger iwwerzeegender Positioun géintiwwer dem Patronat, mengt de Roberto Mendolia. Eng vu senge Prioritéite wier et, déi Delegéiert an de Betriber ze entwéckelen - zum Beispill iwwer Formatiounen.
Et wier een net vun haut op muer e gudden Delegéierten, dofir géif hie sech fir Formatioune vun dëse Leit asetzen. "Ech kann Iech versécheren, datt d'Hannergrondaarbecht, déi vun den Delegéierten an der Delegatioun gemaach gëtt, enorm ass. An d'Leit gesinn dat net onbedéngt." Dacks géifen déi Beschäftegt sech eréischt bewosst ginn, wéi wichteg Delegéierter sinn, wann e Problem opkënnt.
Onofhängeg Delegéiert zeréckgewannen
Bei der BIL hätt d'ALEBA bei de Sozialwahlen dëst Joer just véier vun zwielef Sëtz bei der Personaldelegatioun kënne gewannen, well vill Leit sech net méi op der Lëscht vun der ALEBA, mee als neutral Kandidaten opgestallt hunn, seet de Roberto Mendolia.
Hie gesäit et als seng Aufgab, fir dat ze änneren. Hie wier sech bewosst, datt Leit, déi sech als onofhängeg Kandidate presentéieren a-politesch wéilte sinn - also dat wat d'ALEBA ass. Et wier deemno un der Gewerkschaft fir si ze iwwerzeegen, fir nees zeréckzekommen an hinnen "déi ganz Infrastruktur vun Affekoten" ze offréieren, déi hannendru stinn a virun allem d'Representatioun, déi d'Gesetz de Gewerkschaften op nationalem oder sektorielle Plang erlaabt.
"Wann ech eppes bei der ALEBA an Zukunft entwéckele wëll, dann ass et onofhängeg Delegéierter ze iwwerzeegen, eis bäizetrieden."