Fräie Mikro D'AfD an d'Metamorphos vun der Welt

Et ass wichteg op nationalem mä och op internationalem Plang géint Parteie wéi d'AfD ze kämpfen. Well déi, déi vun dësen ideologesche Beweegunge profitéieren, weltwäit agéieren, mengt den Denis Scuto.

Denis Scuto / fk

Meenung Denis Scuto
Denis Scuto

70 Joer nom Zweete Weltkrich sëtzen nees Neo-Nazien am däitsche Parlament. Wann d'SPD net an d'Oppositioun geet, gëtt d'AfD "Oppositionsführer" am Bundestag. "Führer", och een historesch beluechte Begrëff.

Virun e puer Wochen huet den amerikanesche President extrem-riets wäiss Suprematisten, déi "Heil Trump!" an "Heil eisem Vollek!" blären, op een Niveau gesat mat Géigendemonstranten, déi sech géint Haass an Intoleranz asetzen. E puer Méint si laanscht zënter de Presidentiellen a Frankräich, wou eng rietsextrem Kandidatin et an den zweeten Tour gepackt huet. Mat 'aus der Geschicht léiere' mengen déi Meescht vun eis eppes anescht.

D'Welt ass komplett verwandelt

Well dat e globalen historeschen Trend ass, sollte mir dat net virun allem national analyséieren. Et sinn a mengen Aen net Reaktiounen op reng national Phänomener, mä op dat, wat den 2015 verstuerwene Soziolog Ulrich Beck d'"Metamorphos vun der Welt" genannt huet. D'Welt verännert sech net, si metamorphoséiert sech. Si ass net am Wandel, si ass komplett verwandelt. D'Moderniséierungsprozesser vun de leschte Joerzéngten hunn dozou gefouert, datt mir haut all a "kosmopolitisiéierten Handlungsraim" liewen, ob mir wëllen oder net.

Egal ob et ëm Folge vum Klimawandel, Migratiounen, Finanztransaktiounen, d'Verdeelung vu Räichtum, Organtransplantatiounen, Futtballveräiner oder digital Kommunikatiounsweeër an hir Iwwerwaachung geet. D'Welt an d'Mënschheet sinn eis Handlungsraim. D'Welt an d'eegent Liewe sinn haut net méi ze trennen. Am Gemengewahlkampf zu Biissen gëtt driwwer diskutéiert, ob de Weltkonzern Google säi Mega-Datenzentrum an de Wise vum Guttland wäert installéieren. An de Premier a Vize-Premier deplacéiere sech dowéinst iwwer d'hallef Welt op San Francisco.

Kampf géint kosmopolitiséiert Modernitéit

D'AfD steet fir vill aner Bewegungen um internationale Plang. Hir Deputéiert sëtze muer am Bundestag well, wéi de Beck et ausgedréckt huet, fir Mënschen, deenen hir metaphysesch Gewëssheete virun allem um Nationalstaat, op ethneschen Zougehéieregkeeten oder op Relioun berouen, d'Welt zesummegebrach ass. D'Verzweiwlung doriwwer dreift si an d'Äerm vun nationalen a reliéise Fundamentalisten. Weltwäit kämpfen si géint déi dominant kosmopolitiséiert Modernitéit, andeems si sech op géigemodern Ideologien aus der Vergaangenheet beruffen, déi déi vermeintlech Natierlechkeet vun Natioun, Rass, Kultur, Geschlecht asw. ënnersträichen.

Politesch hunn dës Beweegunge wéineg Chancë sech laangfristeg duerchzesetzen. Mä si ginn instrumentaliséiert vu Milieuen, déi hirersäits net national, mä global, um Niveau vun der Welt agéieren. Den Donald Trump hält eng nationalistesch Ried op der UNO-Vollversammlung fir senger géigemoderner Wielerschaft, nom Motto 'America first', ze gefalen. Mä zënter datt e gewielt ass, ass en zwar beméit, d'USA aus Deeler vum internationale Rechtssystem erauszehuelen, mä net aus der Weltpolitik. Nix Isolationismus. Mä d'Weiderféiere vun enger interventionistescher Politik uechter d'Welt. An dat mat militäresche Manöver an Asien, Rakéiten op Syrien, méi Truppen am Afghanistan, Sanktioune géint - a kee Rapprochement mat - Russland, verbal Attacke géint China, Pakistan, Iran an déi aktuell Eskalatioun vum Konflikt mat Nordkorea. Mat Opruff nees an de Krich ze zéien. A mam Risiko, nom Noen Osten, och am Fernen Oste Chaos ze schafen. Zur grousser Freed vum militäresch-industrielle Komplex a vun der interventionistescher Press an den USA.

Milieuen agéiere weltwäit

No de Wahlen an Däitschland ass et also effektiv wichteg, wéi vill Beobachter ënnersträichen, géint Parteie wéi d'AfD ze kämpfen. Mä dat kann net nëmmen op nationalem, mä muss och op Weltniveau geschéien. Well déi, déi vun dësen ideologesche Beweegunge profitéieren, si ganz aner Milieue wéi d'Wielerschaft vun der AfD. An déi Milieuen agéiere weltwäit.

An der Mediathéik:

Fräie Mikro / / Denis Scuto
Lauschteren

Méi zum Thema

AfD
Bundestagswahlen

De Succès vun der AfD ass den Ausdrock vun engem grondleeënde politesche Konflikt. Där Meenung ass de Prof. Dr. Edgar Grande, Politikwëssenschaftler op der Ludwig-Maximilians-Universität München.

Jean Asselborn
Reaktioun op Bundestagswahlen

70 Joer nom Enn vum Krich géifen nees rietsextrem Gedanken an Däitschland propagéiert ginn, seet de Jean Asselborn. All déi demokratesch Parteie misste sech elo géint d'AfD wieren.

AfDzerschlagen.jpg
Bundestagswahl 2017

D'Bundestagswahl huet mat der AfD ee grousse Gewënner. Zu Berlin sinn awer honnerte Leit géint déi rietsextrem Partei op d'Strooss gaangen. D'SPD frënnt sech iwwerdeems mat der Oppositiounsroll un.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Net verpassen

  • 26.1. Riicht eraus: Dynamit fir d’Dynastie?

    Dynamit fir d’Dynastie?

    D'Regierung bestellt e Rapport iwwer d'Finanz- a Personalgestioun am Palais, Indiskretioune vum Haff ginn ëffentlech breet getrëppelt, déi groussherzoglech Famill gëtt wéinst dem Ëmgang mat hirer eegener Geschicht kritiséiert.

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun hire Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen