A knapp 20 Deeg sinn op Belval d’Cyclocross-Weltmeeschterschaften. Eng 40.000 Visiteure ginn do erwaart, 1000 Leit, dorënner 500 Benevolen, sinn dann am Asaz fir déi international Course z’encadréieren.
Organiséiert gëtt des Weltmeeschterschaft vun der Gemeng Suessem. D’Konzept vum Circuit ass aussergewéinlech, seet den Eric Leyder, President vum Organisatiounscomité Bieles 2017.
Modernt Konzept fir de Cyclocross-Circuit
An der Zäit waren d’Cyclocrosscircuiten haaptsächlech an de Bëscher. Zanter ee puer Joer gëtt et een neien Trend. Fir d'Circuiten ginn an Tëschenzäit Wisen oder Pisten op méi festem Buedem erausgewielt. Fir d’Weltmeeschterschaft 2017 gouf de Park op Belval erausgesicht, wëll d’Topographie sech gëeegent huet fir ee ganz modernen a spektakuläre Cyclocrosscircuit, sou den Eric Leyder.
D'Visiteure kënnen do d’Coureure permanent suivéieren. De Parcours ass esou ugeluecht, datt een se bannent deenen néng Ronnen 36 mol ka gesinn. Bei normale Vëloscoursen wier dat aneschters. Derbäi komme riseg Ecranen, op deenen d’Visiteuren d'Course an engem Stéck kënne gesinn.
International Elittesportler um Depart
Um Depart vun de Weltmeeschterschafte sinn international unerkannte Coureuren. Ënnert anerem déi bekannte Lëtzebuergerin Christine Majerus, grad ewéi d’Hollännerin Marianne Vos an d’Belsch Sanne Cant si mat derbäi. Bei den Häre ginn den aktuelle Weltmeeschter, de Belsch Wout Van Aert an den Hollänner Mathieu Van der Poel op Belval erwaart.
Wéinst dem Evenement an de ville Leit, déi do erwaart ginn, soll een den ëffentlechen Transport benotzen. D'Gare um Campus Belval läit e puer honnert Meter vum Circuit ewech.