Steierbedruch Cum-Ex-Affär erreecht Lëtzebuerg

D'Recherche vu REPORTER.lu déi opgedeckt huet, datt de Lëtzebuerger Staat och Affer vun der sougenannter Cum-Ex-Affär ass, geheit vill weider Froen op. Am 100,7-Interview schwätzt de Journalist Laurent Schmit iwwer de méiglechen Impakt vu senger Recherche op Lëtzebuerg an iwwer d'Roll vun der Press an esou Fäll.

Maxi pesch / cz

Laurent-Schmit
Laurent Schmit (Foto: Matic Zorman)

Recherchë vu REPORTER.lu no huet d'Netzwierk ronderëm de Brit Sanjay Shah de Lëtzebuerger Staat ëm iwwer zéng Milliounen Euro bedrunn. Fir de Journalist Laurent Schmit, deen dëse Fall opgedeckt huet, géifen et eng Rei Hiweiser ginn déi drop hindeiten, datt dat net deen eenzege Fall hei am Land wier. Generell géif sech d'Fro stellen, wisou sou Deals zu Lëtzebuerg méiglech waren an "ob et ee Ruling gëtt, wou se déi Geschäfter am viraus confirméiert kruten", sou de Laurent Schmit. Dem REPORTER.lu-Journalist no misst och d'Fro gekläert ginn, wisou esou ee Ruling eventuell vun der Steierverwaltung ausgestallt gouf a wisou net scho méi fréi ugefaange gouf de Fall opzeklären.

Cum-Ex-Affär gouf bis elo net vill vu Lëtzebuerger Press thematiséiert

Et wier méiglech, datt et och an anere Fäll esou Rulinge gouf, erkläert de Laurent Schmit. Deemno wier et nëtzlech, datt d'Press de Fall weider géif opschaffen. Dat géif dem Laurent Schmit no dozou féieren, "datt d'Institutiounen, déi fir d'Finanzplaz zoustänneg sinn, sech géifen ënner Drock spieren".

Bis ewell wier d'Cum-Ex-Affär an der Lëtzebuerger Press nach net vill thematiséiert ginn. Allerdéngs géif et an der Lëtzebuerger Press dacks och u Ressourcë feelen, déi déifgräifend Recherchen iwwerhaapt eréischt erméigleche kéinten.


De Panorama-Bäitrag vum Maxi Pesch:

Lauschteren

Méi zum Thema

Steierrulingen.jpg
Steierregelen

Lëtzebuerg setzt nei Regele vun der EU an der OECD ëm. Resultat: Steierrulingen vu virum 1. Januar 2017 sinn – enger rezenter Circulaire no – net méi gülteg. Dat huet Konsequenzen, soen Experten.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen