Verfassungsreform CSV weider géint komplett Onofhängegkeet vum Parquet an der Verfassung

Fir d'CSV kéim et weiderhin net a Fro eng komplett Onofhängegkeet vum Parquet an der Verfassung ze verankeren. Dat seet hire Spriecher a Verfassungsfroen, de Léon Gloden, nodeems de Conseil d'Etat gëschter op deem Punkt e ganz kriteschen Avis virgeluecht huet.

Léon Gloden

Hie perséinlech kéint sech awer virstellen, datt een op déi initial Propos vum CSV-Politiker Paul-Henri Meyers zeréck kënnt. An där war virgesi festzehalen, datt de Parquet onofhängeg ass, wat d'opportunités des poursuites ugeet, datt de Ministère e gewëssent Weisungsrecht behält an datt et de Ministère ass, deen d'Politique criminelle festleet.

Méi zum Thema

Léon Gloden
Verfassungsrevisioun

Fir d'CSV kéim et weiderhin net a Fro eng komplett Onofhängegkeet vum Parquet an der Verfassung ze verankeren, seet de Léon Gloden. Gëschter hat de Staatsrot op deem Punkt e ganz kriteschen Avis virgeluecht.

Conseil d'Etat
Revisioun vun der Verfassung

De Staatsrot plädéiert fir d'Verankerung vun der Onofhängegkeet vum Parquet an der Verfassung. E widdersprécht domat der Chamber a kritiséiert se schaarf. Virun allem d'CSV wollt dat net matdroen.

Michèle Sinner Kommentar
Chronik

D'CSV wëllt wéinst hirem Sträit mat der Procureure générale der Onofhängegkeet vum Parquet kee Verfassungsrang méi ginn. Dat ass keng Reklamm fir déi gréisst Oppositiounspartei, mengt d'Michèle Sinner.

Léon Gloden
Verfassungsreform

De Léon Gloden schléisst trotz de ville kriteschen Avisen aus, datt awer nach eng total Onofhängegkeet vum Parquet als Prinzip an d'Verfassung stoe kënnt. D'Opportunité des poursuites kéint awer explizitt dra kommen.

Illu Dokument
Gewaltenteilung

An der Fro vun der Onofhängegkeet vun der Justiz an hirer Impartialitéit huet de Greco zu Lëtzebuerg Réckschrëtt festgestallt. E gëtt der CSV d'Schold. D'Justizministerin Sam Tanson deelt dem Greco säi Constat.

Greco-2
Greco-Rapporten

Guer keen, oder net genuch Fortschrëtter: Dat ass d'Feststellung vum Greco, dem Grupp vu Staaten géint d'Korruptioun an zwee Rapporten iwwer Lëtzebuerg. Virun allem d'Chamber, d'Regierung an d'Police gi kritiséiert.

Paul-Henri Meyers
Verfassungsreform

De Paul-Henri Meyers schléisst net aus, datt de Staatsrot erëm kéint verlaangen, datt et e komplett neien Text fir d'Verfassung gëtt. D'Verfassung soll schrëttweis moderniséiert ginn, hat den Alex Bodry annoncéiert.

Luc Heuschling
Verfassungsreform

De Verfassungsrechtler Luc Heuschling bedauert, datt et just zu enger punktueller Verfassungsännerung kënnt. Et wier awer gutt méiglech, datt et zu verschidde Froen awer Referende wäert ginn.

Illustratioun fir Artikel iwwer Verfassungsreform
Just eng punktuell Reform vun der Verfassung

Fir den Text vum Grondgesetz ze moderniséieren, sollen an den nächsten zwee Joer, a verschiddenen Etappen, nëmmen nach d'Haaptiddie vun der geplangter grousser Reform decidéiert ginn.

Verfassung vu Lëtzebuerg
Verfassungsreform

Dat aktuellt Grondgesetz soll a Phase reforméiert ginn. Dat gouf den Dënschdeg no der zoustänneger Chamberkommissioun ugekënnegt. E grousse Verfassungs-Referendum wäert et net ginn.

Alex Bodry
Reform vun der Verfassung

De President vun der Chamberkommissioun fir d'Verfassungsrevisioun, den Alex Bodry, kritiséiert a bedauert, datt et een totale Broch mat der Aarbechtsweis am Konsens aus de leschte méi wéi 15 Joer géif ginn.

Programm

  • Vu 6 bis 10

  • On air

    Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen