Gëschter hat de Staatsrot op deem Punkt e ganz kriteschen Avis virgeluecht. De Léon Gloden seet, deen Avis misst elo intern an der CSV, wéi och mat deenen aner Parteien an der Verfassungskommissioun vun der Chamber, diskutéiert ginn.
Hie perséinlech kéint sech awer virstellen, datt een op déi initial Propos vum CSV-Politiker Paul-Henri Meyers zeréckkënnt.
Dodra war virgesi festzehalen, datt de Parquet onofhängeg ass, wat d'Opportunités des poursuites ugeet, datt de Ministère e gewëssent Weisungsrecht behält an datt et de Ministère ass, deen d'Politique criminelle festleet.