Mesurë géint d'Kris CSV: "Mir mussen elo iwwer eng Tracing-App schwätzen"

D'CSV wëllt vun der Regierung wëssen, wou d'Pläng fir eng Corona-Warn-App hei zu Lëtzebuerg dru sinn. Et kéint ee scho geschwënn op de Punkt kommen, wou d'Santé et net méi fäerdeg bréngt all d'Nei-Infektiounen ouni digital Hëllef ze tracéieren, esou d'CSV-Fraktiounscheffin Martine Hansen.

Rick Mertens (Interview) / Chris Zeien (Web)

Martine Hansen
D'CSV Fraktiounscheffin fuerdert eng Diskussioun iwwer eng Tracking-App an nees méi kloer Messagë vun der Regierung

D'Regierung wier am Moment net esou richteg fir an och net sou richteg géint eng App. D'Gesondheetsministerin Paulette Lenert sot rezent um 100,7, datt Lëtzebuerg séier eng App kéint prett hunn. Der CSV-Presidentin Martine Hansen no wier et elo un der Zäit "fir den Tirang opzemaachen".

"Well mir kënnen net waarden, bis mer op eemol 60 oder 70 Infizéierter am Dag hunn, an dann net méi kënnen tracéieren. Soss kréie mer duerno nach eng Explosioun bei den Infizéierten, just well mer net gäre wëllen iwwer eng Tracing-App schwätzen."

Wann een duerch den Asaz vun enger App e weidere Lockdown kéint verhënneren, da misst een déi Moossnam elo huelen, esou d'CSV-Fraktiounspresidentin.

"Et feelt e klore Message"

D'CSV fuerdert och, datt d'Regierung méi kloer sanitär Recommandatiounen erausgëtt. Dofir bräicht een net onbedéngt déi zwee Covid-Gesetzer ze änneren, esou d'CSV-Fraktiounscheffin.

D'Regierung kéint de Leit elo schonn de Message ginn, datt et weiderhin net ubruecht ass, sech a grousse Gruppen doheem ze treffen. Wann dat kloer a verständlech gemaach gëtt, da géifen d'Leit sech och drunhalen, mengt d'Martine Hansen. D'Regierung misst och méi kloer soen, op wéi enge Plaze Leit sech mam Coronavirus ustiechen.

"Mir wëllen einfach wëssen: Ass et just am private Beräich? Ass et op Schaffplazen: ass et am Bau, ass et a Klinicken? Wou ass et?"

D'Informatiounen, déi d'Regierung erausgëtt missten natierlech am Aklang mam Schutz vu perséinlechen Donnéeë sinn, esou d'Martine Hansen. "Mee fir datt mer kënne reagéiere, a wësse wou mer solle reagéieren, misste mer och wëssen, wou déi Fäll do hierkommen", esou d'CSV-Fraktiounspresidentin.

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / / Rick Mertens
Lauschteren

Méi zum Thema

Paulette Lenert
Lutte géint de Coronavirus

Och zu Lëtzebuerg lafe Virbereedunge fir eng Tracking-App ze entwéckelen, déi d'Leit warnt, wa sI mat engem Coronavirus-Infizéierten a Kontakt waren, Esou d'Gesondheetsministerin Paulette Lenert. D'Entwécklung vun esou enger App wier am "Standby".

Illustratiun Rechter Coronavirus COVID-10
Covid-19-Gesetzer

Fir déi ëmstridden Zwangsaweisung vun enger mam Coronavirus infizéierter Persoun gëtt eng aner Prozedur proposéiert. Net verhältnisméisseg wieren allgemeng Restriktiounen am Privatberäich.

Julie-Suzanne Bausch
Informateschen Traçage

Den nationalen Eethikrot begréisst, datt d'Regierung sech net méi ganz géint eng Corona-Tracking-App verschléisst. Fir d'Presidentin vum Nationalen Eethikrot Julie-Suzanne Bausch wier et wichteg eng App ze consideréieren.

Tracking App fir de Coronavirus
Mäin Europa

D'EU Memberlänner si gespléckt, wann et ëm de Model vun enger Corona-Tracking-App geet. Ass eng Interoperabilitéit méiglech? Kann d'EU-Kommissioun koordinéieren? Ee Reportage vum Maxi Pesch.

coronaapp.jpg
Mäin Europa

Europäesch Wëssenschaftler hunn ee Bluetooth-System entwéckelt mam Prinzip, datt d'Notzer anonym an dateschutztfrëndlech gewarnt ginn, wa si mat Infizéierten a Kontakt waren.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen