arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ CSV International net averstane mam Nee-Vott

Covid-Restriktiounen

|
reading time

1 min

CSV International net averstane mam Nee-Vott

D'CSV huet geeschter géint déi nei Covid-Restriktioune gestëmmt, well se déi nei Reegelen net koherent genuch fënnt. Dat gefält net jiddwerengem an der Partei: déi international Sektioun vun der CSV betount haut an engem Communiqué, d'Gesondheet vun de Mënsche wier "méi wichteg wéi d'Perfektioun vun engem Gesetz".

reading time

1 min

D'Presidentin vun der CSV international sot eis, si hätt fir d'Mesurë gestëmmt, wa si an der Chamber wier. D'CSV géif mat hirem "Nee" zum Text riskéieren e falschen Androck ze ginn.

Grad Leit, déi kee Lëtzebuergesch schwätzen, kéinten duerch dëse Vott den Androck kréien, datt CSV komplett géint méi streng sanitär Mesurë wier, dobäi wär dat guer net de Fall, esou d'Daniela Clara Moraru.

play_arrow Daniela Clara Moraru

Déi international Sektioun vun der CSV huet eegenen Aussoen no eng 800 Memberen, wat ongeféier zéng Prozent vun all de Parteimemberen ausmécht.