Virwërf vun absichtlecher Kierperverletzung Crèche Bous: Optakt vu Prozess géint fréier Responsabel

Haut war den Optakt vun engem Prozess ëm eng fréier Responsabel vun enger Crèche zu Bous. Hir gëtt absichtlech Kierperverletzung u Kanner ënner 14 Joer an Iessensentzuch virgehäit.

Jacques Ganser / sam

Geriicht
Symbolbild. Foto: AndreyPril / Bigstock

Lauschteren


D'Faite solle sech tëschent 2014 a Mëtt Oktober 2017 an der Crèche Léiwe Léiw zu Bous ofgespillt hunn. Eng 20 Kanner am Alter tëschent null a véier Joer waren dee Moment an der Crèche ageschriwwen.

"Coups et blessures graves avec préméditation"

Der Responsabel vun der Crèche gëtt coups et blessures avec préméditation virgehäit. Si soll Mataarbechterinne geschloen an un den Hoer gerappt hunn.

Et soll och Gewalt vis-à-vis vun de Kanner gi sinn, si sollen zum Deel forcéiert gi sinn, Saachen ze iessen, déi si net wollten iessen.

24 Zeie ginn an dësem Prozess gehéiert, dee sech iwwer e puer Woche wäert zéien.

Bilan vum éischten Dag

Um éischten Dag vum Prozess huet den Affekot vun der Beschëllegter mat enger Rei vu Moyene probéiert, Prozedurfeeler opzeweisen, notamment wat d'Delaien ugeet. Déi Beschëllegt wier un der ganzer Prozedur net bedeelegt ginn, huet et geheescht.

Den Affekot vun der Beschëllegter huet weider argumentéiert, datt de Prozess eigentlech net virun d'Chambre criminelle mee virun de correctionnelle géif gehéieren. Just ee vu 16 Faite géif iwwerhaapt fir e crime a Fro kommen, et handelt sech dobäi ëm eng Brandwonn.

Schliisslech huet de Maître Ferdinand Burg de huis clos gefrot, well vun de Faite mannerjäreg Kanner betraff wieren. Hie wéilt net véier Woche laang d'Kanner just mat den Initialen nennen, fir datt se an engem ëffentleche Prozess anonym bleiwen.

Méi zum Thema

Justiz
Justiz

Der Responsabeler gëtt Kierperverletzung u Kanner ënner 14 Joer reprochéiert,an d'Privatioun vun Iessen a Versuergung. Eng concernéiert Mamm kämpft mat de Folgen a kritiséiert de Verlaf vun der Affär.

Justiz Exklusiv
Justiz

Den Untersuchungsriichter huet déi Responsabel vun der fréierer Crèche zu Bous am Mäerz inculpéiert. Déi Ugeklote kritt absichtlech Kierperverletzung u Kanner ënner 14 Joer reprochéiert, an d'Privatioun vun Iessen a Versuergung.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Alles iwwer de Podcast Schlechte Schüler

    An eisem Dossier fannt dir sämtlech Episode vun eisem Podcast Schlechte Schüler, Interviewe mat Schoulexperten an déi komplett Transkripter vun den eenzelnen Episoden.

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen