arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Covid-Gesetz gouf gestëmmt

Nei Mesuren

|
reading time

2 min

Covid-Gesetz gouf gestëmmt

D'Ännerungen um Covid-Gesetz goufen an der Chamber ugeholl, dat mat den 31 Stëmme vun der Majoritéit. D'Oppositiounsparteien hunn dogéint gestëmmt. Domat ginn déi streng Mesuren, déi Chrëschtdag agefouert goufen, nees zu groussen Deeler opgehuewen.

reading time

2 min

play_arrow Lauschteren


Vun der Oppositioun gouf et vill Kritik, et wier ze fréi, fir dëse Schrëtt, well een den Impakt vun de Feierdeeg nach net kéint evaluéieren.

Onverständnis vun der CSV

Den Claude Wiseler vun der CSV sot, et wier net ze verstoen, firwat d'Regierung esou géif virgoen. De Risiko vun enger drëtter Well géif am Raum stoen, et wier ze fréi fir opzelackeren. D'Regierung géif awer all international Recommandatiounen ignoréieren an hätt sech dofir entscheet, fir weider opzelackeren.

"Dir wësst, datt et nach net Zäit ass. Dir sot et an aller Däitlechkeet an Dir maacht et awer. Mir verstinn d'Regierung net an ech mengen d'Lëtzebuerger wëssen och net méi, wat Der wëllt."

Kritik vun aneren Oppositiounsparteien

Den ADR-Deputéierte Jeff Engelen huet d'Inkoherenzen an de Mesurë kritiséiert, déi Entreprisen a Schoule géife belaaschten, dat géif d'Vertraue vun de Bierger an d'Politik ënnergruewen.

De Marc Baum vun déi Lénk sot, wann een eppes fir d'Santé mentale vun de Bierger wéilt maachen, sollt een d'Psychotherapie unerkennen a rembourséieren, esou wéi et zanter fënnef Joer diskutéiert géif ginn.

Majoritéitsparteie stinn hanner der Regierung

De Gilles Baum huet d'Regierung verdeedegt. Et géif kee gezwonge ginn an d'Solden ze goen. Soulaang een eng Mask unhätt, wieren d'Geschäfter sécher. Et wier den Ament de Leit ënner strengen Oplagen "erëm Loft ze ginn, fir ze ootmen". D'Leit géife bësse Sport a Kultur brauchen.

De Georges Engel vun der LSAP huet sech dogéint gewiert, datt Lëtzebuerg am Verglach mat de Nopeschlänner en Alleingang géif maachen.