Corona-Kris Covid-19: MSF ënnerstëtzt d'Dokteren um Terrain

Italien ass dat Land, wat mat am meeschte vun der Corona-Pandemie touchéiert ass. D'ONG Médecins sans frontières ass an dräi Spideeler aktiv, fir d'Ekipp um Terrain ze ënnerstëtzen.

Sophie Morang / cbi

Christophe Hebting
Christophe Hebting (Photo: MSF)

Et wier fir Médecins sans frontières absolut evident, fir aktuell alles drun ze setzen, fir d'Spidolspersonal am Kampf géint de Coronavirus ze ënnerstëtzen. Dat ënner anerem am Iran, mee och an Italien: do géif een aktuell hëllefen, datt d'Ekippen um Terrain net krank ginn, seet de Kommunikatiounsresponsabele vu MSF Lëtzebuerg, de Christophe Hebting. Déi Leit hätten net vill Zäit fir sech selwer - a géife riskéiere krank ze ginn.

Vun MSF Lëtzebuerg wieren awer aktuell keng Leit an anere Länner. "Dofir sinn eis Capacitéiten ze kleng", seet de Christophe Hebting. Hie weist awer drop hin, datt bei eis eng Ekipp de recherche aktiv ass, fir Informatiounen iwwer de Virus ze sammelen. Déi kënne gebraucht gi fir Etüden a wëssenschaftlech Artikelen iwwer de Coronavirus.

MSF fäert aktuell, datt déi regulär Projeten, déi si a verschiddene Länner lafen hunn, duerch d'Corona-Kris affektéiert ginn. Et wier awer wichteg déi oprecht ze erhalen, seet de Christophe Hebting vu MSF Lëtzebuerg.

Méi zum Thema

Provisorescht Corona-Spidol beim CHL
Coronavirus

Um Site vum Stater Centre Hospitalier gëtt elo ee provisorescht Zelt opgeriicht, mat Plaz fir 100 Better, wou Patienten och kënne beotemt ginn. Dëst a Kooperatioun mat der NATO-Agence NSPA, déi hire Sëtz hei am Land huet.

Bob Heger
Coronapandemie

De Bob Heger ass Anästhesist a Reanimateur am Unispidol zu Stroossbuerg an ass wéinst dem Coronavirus am Asaz. Hie warnt, et dierft een dem Virus kee fräie Laf loossen, "soss kënnt et zur Katastroph".

Prof. Dr. Friedrich Mühlschlegel Direkter vum Staatslabbo
Coronavirus

Den Direkter vum Staatslabo LNS Friedrich Mühlschlegel fënnt et net falsch, datt hei zu Lëtzebuerg net breet op de Coronavirus getest gëtt. D'Testcapacitéiten am LNS géifen awer weider ausgebaut ginn.

Net verpassen

  • 17.10. De Gudden Toun

    De Gudden Toun.jpg

    Wann d'Deeg méi kal, gro a kuerz ginn, stécht deen een oder anere vläicht de Kapp nees méi an déi sozial Medien. An der Oktober Editioun schwätzen de Roland Meyer, Ian De Toffoli, Raoul Biltgen, Jeff Schinker an d'Anne Klein.

Programm

Dossieren

  • CinÉast 2021

    Et ass déi véierzéngt Editioun vum CinÉast Filmfestival. Vum 7. bis de 24. Oktober ginn Featuren a Kuerzfilmer aus Länner aus Mëttel- an Osteuropa gewisen. Siwe Filmer sinn an der Kompetitioun.

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen