Gemengewahlen Communautéite méi nobréngen

De José Vaz do Rio ass Éischtgewielten zu Bettenduerf an de Jairo Delgado gouf zu Ettelbréck an de Gemengerot gewielt. Alle béid wëllen hire Migratiounshannergrond notzen, fir d'Zesummeliewen ze fërderen.

Françoise Keller / cbi

Vaz do Rio-Delgado 2.jpg
José Vaz do Rio, éischte Schäffen zu Bettenduerf an de Jairo Delgado, dee fir d'LSAP zu Ettelbréck am Gemengerot sëtzt

Zu Ettelbréck si bal d'Halschent vun den Awunner Auslänner. Ee groussen Deel dovu wiere Kapverdianer, seet de Jairo Delgado. Seng Eltere si viru 45 Joer aus dem Cap Vert op Lëtzebuerg komm. Alle béid hunn d'Lëtzebuergesch Nationalitéit ugeholl.

Vill vun de Kapverdianer géife sech net verstane fillen, mengt den LSAP-Gemengepolitiker. Ee Grond dofir wier, datt si den Dialog mat anere Communautéite net géife sichen. "Do wäert ech de Mëttelsmann sinn, an déi verschidde Communautéiten zesummebréngen."

"Gemeinsam Politik maachen"

Zu Bettenduerf liewe ronn 2.800 Leit. Dovu si ronn 1.200 Auslänner, an dovunner iwwer 900 portugisesch Matbierger. De José Vaz do Rio huet souwuel déi portugisesch wéi och déi lëtzebuergesch Nationalitéit a lieft zënter 1979 zu Lëtzebuerg. Hie mengt, datt déi portugisesch Communautéit zu Bettenduerf ënner sech géif bleiwen. Dat selwecht géif fir d'Lëtzebuerger gëllen. "Et wier am Beschten, wann ee méi matenaner géif schwätzen." Hie plädéiert dofir, datt déi eenzel Communautéiten eng gemeinsam Politik solle maachen.

Fir tëscht de Communautéiten ze vermëttelen, wier ënnert anerem d'Sprooch ee wichtege Facteur. De Jairo Delgado verweist awer och op de kulturelle Volet, deen een als Gemengepolitiker mat Migratiounshannergrond besser géif verstoen. Kapverdianer hätten zum Beispill eng aner Liewensaart a Weis, seet hien.

Méi Wahlbedeelegung vun Auslänner

Vun all de wahlberechtegten Auslänner hu sech dëst Joer fir d'Gemengewahlen manner wéi ee Véierel op d'Wielerlëschten agedroen. Et wier wichteg, datt d'portugisesch Communautéit e Vetrieder am Gemengerot zu Bettenduerf hätt, seet de José Vaz do Rio. Mä nëmme ronn 150 wahlberechtegt Portugise wiere wiele gaangen. Dobäi kéimen déi, déi d'duebel Nationalitéit hunn a Portugisen aus zweeter Generatioun, déi d'Lëtzebuergesch Nationalitéit vu Gebuert un hunn.

Vill Kapverdianer wéissten net, datt si d'Wahlrecht hunn, mengt sengersäits de Jairo Delgado. Wa si besser informéiert wieren, géife sech och méi Leit aschreiwen.

"Sech net getraut matzegoen"

Bei de leschte Gemengewahlen goufe 17 auslännesch Awunner an d'Gemengeréit gewielt. Am Ganzen haten 236 Net-Lëtzebuerger kandidéiert.

Hie wier gefrot ginn, fir als Kandidat fir d'LSAP mat an d'Gemengewahlen zu Ettelbréck ze goen, seet de Jairo Delgado. Hien hätt sech net getraut, vu sech aus matzegoen. "Well ee sech net onbedéngt ugesprach fillt. Wat fir déi Meescht de Fall ass. Dann traut ee sech net, sech politesch z'engagéieren."

Éischte portugisesche Schäffen

De José Vaz do Rio ass schonn zënter 2011 am Gemengerot zu Bettenduerf. D'portugisesch Communautéit hätt seng Nominatioun als Conseiller deemools begréisst. Bei de Gemengewahlen dëst Joer gouf hien Éischtgewielten. Hie gëtt elo éischte Schäffen zu Bettenduerf. De Buergermeeschterposten huet hien ofgeleent.

"Well et muss ee Lëtzebuergesch an Däitsch gutt beherrschen. Och am Schrëftlechen. Ech verstinn a schwätze Lëtzebuergesch, mä dat geet net duer."

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / / Françoise Keller
Lauschteren

Méi zum Thema

Beeforter Buerg
Gemengewahlen

Beefort ass eng kleng Gemeng vun 2.700 Awunner. 45 Prozent dovu sinn Auslänner, dorënner ee groussen Deel Portugisen. Och Flüchtlinge liewen zu Beefort. Wéi verleeft d'Zesummeliewen an dëser Gemeng?

Table Ronde iwwert Finanzen an Integratioun a klenge Gemengen
Gemengewahlen

Mat der Reform vun de Gemengefinanze ginn et Gewënner a Verléierer. Wat bedeit dat fir déi politesch Prioritéiten an de Gemengen? Wat gëtt fir d'Integratioun an d'Participatioun vun Auslänner gemaach?

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Net verpassen

  • 26.1. Riicht eraus: Dynamit fir d’Dynastie?

    Dynamit fir d’Dynastie?

    D'Regierung bestellt e Rapport iwwer d'Finanz- a Personalgestioun am Palais, Indiskretioune vum Haff ginn ëffentlech breet getrëppelt, déi groussherzoglech Famill gëtt wéinst dem Ëmgang mat hirer eegener Geschicht kritiséiert.

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun hire Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen