Corona-Pandemie Commerce, Schoulen a Crèchë sollen den 11. Januar nees opgoen

Wéinst der Baisse vun de Corona-Neiinfektiounen diskutéiert d'Regierung um Dënschdeg doriwwer fir verschidde Secteuren nees opzemaachen. D'Schoulen an d'Crèchë sollen eisen Informatioune no e Méindeg erëm opgoen. All déi Geschäfter, déi zanter Enn Dezember zou sinn, sollen den 11. Januar - ënner Konditiounen - erëm kënnen opmaachen. D'Caféen an d'Restaurante - déi schonn zanter Enn November zou sinn - sollen awer virun zoubleiwen.

jcf / po

Coronavirus

E groussen Deel vum Rescht vun den aktuelle Mesurë wéinst der Corona-Pandemie dierfte bis den 31. Januar verlängert ginn, also fir weider dräi Wochen. Diskutéiert gouf awer iwwer d'Méiglechkeet, datt den Ufank vun der Ausgangsspär vun e Méindeg un erëm op 11 Auer owes kéint no hanne verréckelt ginn.

D'Caféen a Restaurante sollen awer nach zoubleiwen.

Reouverture vu Sport a Kultur?

D'Fro ob an ënner wéi enge Konditiounen de Kultursecteur erëm kéint opgoen, war bis zum Schluss an der Diskussioun: deementspriechend Bestriewunge géife lafen, heescht et. Bei der Fro, wéi eng Gruppe Sport kënne maachen, sollen et Prezisioune ginn.

Ëffentlechkeet gëtt den Dënschdeg Mëtteg informéiert

Wéi genee et vun der nächster Woch un hei am Land mat de Mesurë virugeet, huet de Regierungsrot haut Virmëtteg diskutéiert. Informatiounen doriwwer, wat do festgehale gouf, liwweren de Premier an d'Gesondheetsministerin dem Chamberbüro an de Presidentekonferenz elo an der Mëttesstonn. D'Ëffentlechkeet gëtt da vun dräi Auer de Mëtteg un informéiert, op enger weiderer Pressekonferenz vu Xavier Bettel a Paulette Lenert.

Iwwer déi néideg Upassung vum Gesetz mat de Covid-19-Moossname soll d'Chamber e Freideg oder Samschdeg ofstëmmen, nodeem ë. a. den Avis vum Staatsrot virläit.
Schonn de Mëtteg um véier Auer kënnt d'Chamber-Gesondheetskommissioun eng éischte Kéier zesumme fir iwwer de Projet ze diskutéieren, deen haut soll deposéiert ginn.

An de leschte siwen Deeg goufen et zu Lëtzebuerg am Schnëtt 162 Neiinfektiounen den Dag. Et gouf allerdéngs och nëmmen hallef esou vill getest wéi virun de Feierdeeg.

Méi zum Thema

André Hoffmann
Coronavirus

Och am Sport dierfte vu muer un nei Restriktioune gëllen. Et géif iwwer d'Zil eraus geschoss ginn, seet de President André Hoffmann. Hien hätt sech méi eng differenzéiert Approche gewënscht.

Jean-Claude Franck Analys
Aktuelles

Mam Zil fir d'Neiinfektioune mam Coronavirus ze reduzéiere wëllt d'Chamber muer nei Restriktioune stëmmen. Déi gëlle vun dësem Donneschdeg u wärend knapp dräi Wochen. Eng Analys mam 100,7-Chefredakter Jean-Claude Franck.

Wirtschaft
Wirtschaft

D'Wirtschaft ass staark dovu betraff, datt de Moment Dausende Leit a Quarantän oder am Isolement sinn, esou den UEL-Direkter Jean-Paul Olinger. Och den Tun Di Bari vun Dussman Luxembourg seet den Impakt wier spierbar.

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Vu 6 bis 10

  • On air

    Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen