Verfassungsrevisioun Comité d'Initiative zouversiichtlech fir genuch Ënnerschrëften zesummen ze kréien

De Gérard Koneczny ass zouversiichtlech, datt bis den 20. Dezember op d'mannst 25.000 Wieler op hir Gemengen ënnerschreiwe ginn, fir d'Demande no engem Referendum iwwert d'Justiz-Kapitel vun der Verfassung z'ënnerstëtzen. Dat huet de Member vum Comité d'Initiative de Moien am 100,7-Interview gesot.

Serge Kesseler / cz

Illustratioun Verfassung
Foto: Archiv

Lauschteren

De Gérard Koneczny hat och déi ëffentlech Petitioun lancéiert, déi e Referendum iwwert d'Verfassungsreform verlaangt huet. Dës Petitioun hate bis Hallefnuecht 18.579 Leit online ënnerschriwwen. Hie wier ganz zefridde mat deem Resultat, esou de Petitionär. "Ech hat mir déi doten ni erwaart, wou ech déi Petitioun do lancéiert hunn, do hunn ech gehofft, datt ech der 4.500 kréie fir an der Chamber eng Kéier ze schwätzen."

D'CSV, bei där de Petitionär Member ass, hat ugekënnegt, e Referendum wëllen u d'Rullen ze bréngen, wann et méi wéi 25.000 Ënnerschrëfte bei dëser Petitioun ginn: "Ech ginn dovun aus, datt d'CSV sech un hiert Wuert hält, a seet et si keng 25.000 Stëmmen, da brauche mer dat net", esou de Gérard Koneczny.

Méi zum Thema

Michel Wolter
Petitioun 2007

D'CSV wäert kee Referendum iwwer d'Verfassungsreform declenchéieren, esou de Michel Wolter am 100,7-Interview. Déi ëffentlech Petitioun fir e Referendum krut um Enn 18.579 elektronesch Ënnerschrëften.

Fernand Kartheiser
Verfassungsreferendum

D'CSV misst hiert Verspriechen, e Referendum ze declenchéieren, aléisen, seet den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser - och wann de Seuil vu 25.000 Ënnerschrëfte bei der Petitioun net erreecht gëtt.

Illustratioun fir Artikel iwwer Verfassungsreform
Verfassungsreform

Wie sinn d'Membere vum Comité d'Initiative, deen d'Organiséiere vun engem Referendum iwwer d'Jusitzkapitel vun der Verfassung ugefrot huet? Dës an aner Froe wëllt de Staatsministère d'nächst Woch beäntwerten.

Ministère de l'Etat
Verfassungsrevisioun

Et ass eng offiziell Demande fir eng Referendums-Prozedur vun engem Comité d'initiative beim Premier Xavier Bettel gemaach ginn. Dat deelt de Staatsministère an engem Communiqué mat.

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen