Klimapolitik CO2-Steier: "Et gëtt gepréift, ob Camione méi solle bezuelen"

Wéi de Klimaplang ëmgesat gëtt, decidéiert sech zum Deel an den Diskussioune ronderëm d'Steierreform, seet d'Ëmweltministerin Carole Dieschbourg. Ee Beispill ass d'Aféiere vun enger CO2-Steier. Am Moment ass nach net kloer op Camione méi staark vun dëser Steier solle belaascht gi wéi privat Autosfuerer, seet d'Carole Dieschbourg.

Rick Mertens (Interview) / Chris Zeien (Web)

Carole Dieschbourg
D'Carole Dieschbourg

"Et ass definitiv esou, datt mer d'Camione vun der Strooss erof wëllen. Datt mer wëlle fir d'Liewensqualitéit vun de Leit schaffen. A wéi déi Mesür dono am Konkreten ausgesäit, do muss der eis Zäit loossen, fir dat innerhalb vun den Aarbechtsgruppen am Beräich vun der Steierreform uerdentlech ze tranchéieren."

Et géif drëm goe fir ze iwwerpréiwen, wéi eng Mesuren iwwerhaapt technesch méiglech sinn. "Wéi kritt een déi berechent? Wéi vill mécht dat aus? Dat sinn déi Saachen, déi elo gekläert ginn", freet d'Carole Dieschbourg. Am Kader vun der Steierreform soll dann och am Detail gekläert ginn, wéi d'Klimaschutzmesurë sozial sollen ofgefiedert ginn.

Ëffentlech Consultatioun iwwer de Klimaplang ass lancéiert

De Klimaplang vun der Regierung kann an den nächste Wochen nach geännert ginn, sou d'Ëmweltministerin Carole Dieschbourg. Haut Mëttwoch fänkt eng ëffentlech Consultatioun iwwer de Plang un. Iwwer déi nächst sechs Woche kënnen d'Bierger online hir Meenung erareechen. Wann een net bereet wier eppes ze änneren, da bräicht een och keng esou Consultatioun ze maachen, sou d'Carole Dieschbourg. Si huet och ënnerstrach, d'Regierung wéilt verschidde Klimaschutzmesurë sozial offiederen.

Klimaschutzmesurë solle kompenséiert ginn, fir sozial schwaache Leit ënner d'Äerm ze gräifen, mee och "d'Mëtt vun der Gesellschaft" soll vu Kompensatioune profitéieren. "Et geet also net just ëm d'Allocation de vie chère, do muss ee méi Moyene kucken. Mir wäerten ënner anerem doriwwer diskutéieren, d'Crédits d'impôts ze notzen. Dat heescht: Mir hunn do definitiv wëlles eng selektiv Politik ze maachen", sou d'Carole Dieschbourg.

Carole Dieschbourg: D'Politik muss elo Decisiounen huelen

D'Regierung krut an de leschte Méint dacks reprochéiert, hire Klimaplang wier net detailléiert genuch. De Mëttwoch huet den Ëmweltministère elo ee Plang vun iwwer 200 Säiten online gesat. De Plang soll an den nächste Wochen ëffentlech ausdiskutéiert ginn.

Et géif ee sech och nach zesumme mam Premierminister a mam Landwirtschaftsminister d'Bauerenassociatioune gesinn, fir iwwer de Beräich vun der Landwirtschaft ze diskutéieren, deen dës Kéier fir d'éischt an dësem Klimaplang mat géif afléissen. Si hätt och wëlles fir Wirtschafts- an Industrievertrieder an Ëmwelt-ONGen ze gesinn, sou d'Carole Dieschbourg.

Verschidden Organisatiounen haten der Ëmweltministesch scho wärend dem Prozess reprochéiert, datt si net richteg géifen agebonne ginn. Dat wier esou net ganz wouer, sou d'Carole Dieschbourg. De Klimaplang wier en Dokument, dat ënner anerem op Consultatioune géif foussen, déi iwwer déi lescht Jore gemaach goufen. Et wier elo un der Politik, fir hir Verantwortung ze iwwerhuelen, fir Decisiounen ze huelen.

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / / Rick Mertens
Lauschteren

Méi zum Thema

Leasing kiankhoon
Nei Ofgasnorme fir Autoen

Den éischte Mäerz trieden zu Lëtzebuerg déi nei EU-Normen a Kraaft, fir d'Autosofgasen ze moossen. De Leasingsecteur rechent mat grousse wirtschaftlechen Aboussen. Doriwwer ginn d'Meenungen awer auserneen.

René Winkin a Raymond Aendekerk
CO2-Steier

Déi geplangten CO2-Steier wier net héich genuch fir en Effekt ze hunn, seet de Raymond Aendekerk. De René Winkin gesäit dat anescht: en Deel vum Spritverkaf kéint sou an d'Ausland verlagert ginn.

René Winkin, Blanche Weber, Claude Turmes, Martine Hansen
Klimapolitik

D'Regierung wëllt nach dëst Joer ee grousse Mesurëpak decidéieren. Ob dat duer geet fir d'CO2-Emissiounen drastesch ze reduzéieren, bleift ofzewaarden. D'Erwaardunge sinn op alle Fall grouss.

Matthias Kirsch Kommentar
Auslandschronik

E Verkéiersminister, deen d'Automobillobby an net d'Populatioun representéiert. Jonker, déi wéinst hirem Kampf fir d'Klima ausgelaacht ginn. An Däitschland steet et net gutt ëm d'Ëmweltbewosstsinn.

Programm

  • Iwwer Mëtteg

  • On air

    Resonanzen

  • Spektrum

  • Ënnerwee

  • Noriichten

Praktesch Infoen

Dossieren

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

  • Gratis ëffentlechen Transport

    Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen