Radioen

On air

Notturno  |  Patrick Cowley - Love & Passion

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ CO2-Reduktioun bis 2030: EU-Parlament wëllt méi streng Ziler

KLIMASCHUTZ

CO2-Reduktioun bis 2030: EU-Parlament wëllt méi streng Ziler

D'Europaparlament ass dofir, datt d'CO2-Emissioune bis 2030 ëm 60 Prozent musse reduzéiert ginn. Et geet domat méi wäit ewéi d'europäesch Kommissioun, déi viru kuerzem een Zil vu minus 55 Prozent proposéiert hat.

auto_stories

2 min

De Bäitrag lauschterenplay_arrow

Et war dee Punkt, iwwer deen am Debat iwwer d'Positioun vum Parlament iwwer dat neit Klimagesetz am meeschten diskutéiert gouf. Um Enn waren 352 vun de 704 Europadeputéiert dovun iwwerzeegt, datt ee misst eng Schëpp bäileeën an d'Reduktiounszil bis 2030 vun elo 40 op 60 Prozent eropsetzen. 326 hunn iwwerdeems dogéint gestëmmt, 18 hate sech enthalen.

"Mir brauche méi streng Ziler, fir d'Paräisser Klimazil ze erreechen", hat am Debat d'Rapportrice an deem Dossier, Jytte Gutelandt, gesot.

Déi schwedesch Sozialdemokratin wier gären, genee wéi déi Gréng an déi Lénk, nach méi wäit gaangen.

"Mir si wierklech an enger Urgence, d'Temperature klamme vu Joer zu Joer an d'Wëssenschaft seet, mir brauchen eng Reduktioun vu 65 Prozent", betount déi Lëtzebuerger Gréng Tilly Metz.

D'Wëssenschaft gouf och vun de Géigner vun engem méi héijen Zil beméit. D'Propose vun der Kommissioun ass wëssenschaftlech fundéiert. Där Meenung ass net nëmmen den EU-Kommissär Frans Timmermans, och d'Membere vun der gréisster Fraktioun am Parlament, vun der Europäescher Vollekspartei, stinn do dohanner. Een dovun ass den CSV-Europadeputéierte Christophe Hansen

55, 60 oder 65 Prozent?

"Et sollt ee sech un d'Wëssenschaft halen, an d'Kommissioun huet sech justement dorop baséiert wei se mat dat Zil vu 55 Prozent proposéiert huet."

De Christophe Hansen huet genee ewéi d'CSV-Europadeputéiert Isabelle Wiseler géint ee Reduktiounszil vun 60 Prozent gestëmmt, déi aner véier Lëtzebuerger Europaparlamentarier hunn iwwerdeems dofir gestëmmt.

Fir d'EVP ass dat Zil de Maximum, deen een der europäescher Industrie zoumudde kann. "Déi 55 Prozent kënne mer packen, mee och dat huet och scho Konsequenzen", dovun ass de Christophe Hansen iwwerzeegt.

Fir d'Tilly Metz geet et iwwerdeems drëm, datt d'Industrie kloer Richtlinne kritt: "Ech sinn iwwerzeegt, datt et méiglech ass, mat der Ënnerstëtzung vun europäesche Fonge Léisunge fir d'Betriber ze fannen."

D'Parlament muss elo nach iwwer d'Klimagesetz als Ganzt ofstëmmen. Bei deem Vott géif hien dofir stëmmen, sot eis de Christophe Hansen. Anerer aus senger Fraktioun, wéi zum Beispill den däitschen CDUler Peter Liese, hunn annoncéiert, sech ze enthalen.