Ausgankspunkt vun der CNPD hirer Enquête war d'Reklamatioun vun enger Persoun, déi fir ee Posten an der Justizverwaltung kandidéiert huet. An hirem Virstellungsgespréich war si mat Informatiounen aus enger scho länger ouni Suitte klasséierter Enquête konfrontéiert ginn. Dat hätt net dierfe geschéien, well déi Informatiounen net fir deen Zweck erhuewe goufen, esou d'CNPD, déi d'Justizautoritéiten domadder un ee Grondprinzip vum Dateschutz rappelléiert.
Waarden op d'Gesetz
Nodeems dëse Fall virun zwee Joer public gi war, hate Justizvertrieder nach betount, de Réckgrëff op déi sougenannt Jucha-Datebank wier legal. Wärend der Enquête vun der CNPD huet d'Justiz hir Positioun awer revidéiert an entscheet, net méi op déi sougenannt Jucha-Datebank zeréckzegräifen, fir d'Honorabilitéit vu Kandidate bei Rekrutementer ze iwwerpréiwen.
Ee Gesetzesprojet fir ze reegelen, wéi eng Donnéeë fir Rekrutementsprozeduren dierfe benotzt ginn, gouf am Hierscht zejoert an der Chamber deposéiert. De Procureur Général d'Etat adjoint Jeannot Nies hofft, datt dat neit Gesetz séier gestëmmt gëtt:
"Mir sinn net déi eenzeg, déi drop waarden, well dat Gesetz viséiert jo ee ganze Koup Professiounen, wou d'Honorabilitéit soll gepréift ginn. Am Moment gëtt vun eis aus op alle Fall op keng Manéier op dee Jucha zeréckgegraff - weder fir eis nach fir aner Leit."
Justiz huet scho reagéiert
Ob d'Justiz iwwerhaapt esou vill persounebezunn Donnéeë fir eng länger Dauer dierf ofspäicheren, kommentéiert d'CNPD an hirer Decisioun net. Déi Fro hat déi spezifesch fir den Dateschutz bei der Justiz responsabel Kontrollautoritéit zejoert mat der Propose beäntwert, datt ee méi klore legale Kader néideg wier. D'Justizministerin Sam Tanson soll nach virum Summer een entspriechende Gesetzprojet deposéieren.
Enger Rei konkrete Verbesserungsvirschléi vun der Kontrollautoritéit a Saache Jucha-Datebank hätt d'Justiz an der Praxis scho Rechnung gedroen, preziséiert iwwerdeems de Procureur Général d'Etat adjoint:
"Mir mengen, datt mir an deem Fall legal sinn. Mee mir sinn an deem Fall och net Riichter a kënnen net soen, datt 100 Prozent alles richteg ass. Dat muss ee kucken. Vläicht fënnt nach een eppes anescht, mee da flécke mir dat och nach."