Malik Zeniti Cluster for Logistics feiert 10ten Anniversaire

De Cluster for Logistics feiert säin zéngten Anniversaire. D'Zil war et den Transport iwwert d'Schinn, dem Findel, der Strooss an der Schëfffaart ze optimiséieren. Bannent deenen 10 Joer huet de Grand-Duché vill nei Infrastrukture geschaaft. Mëttlerweil gëtt et zu Lëtzebuerg ee Master an der Logistik.

Carole Schimmer / cbi

Malik Zeniti
De Malik Zeniti. Foto: Archiv

Zu Beetebuerg gouf den Multimodalen Hub gebaut. Zu Diddeleng ass de Parc logistique bäikomm a ronderëm dem Fluchhafen ass zu Contern de Logistik Parc Zenter ausgebaut ginn.

Nei Formatiounen an der Logistik

Am Beräich Logistik si vill héichqualifizéiert Aarbechtsplazen geschafe ginn. Virun zéng Joer konnt een awer nach keng Logistik zu Lëtzebuerg studéieren.

"Elo hu mir den Diplom vum Techniker an de Lycéeen. Déi éischt sinn dest Joer fäerdeg ginn. A mir hunn ee Master in Logistics and Supply Chain Management op der Uni Lëtzebuerg. Déi éischt Studenten hunn d'läscht Joer hiren Diplom derfir kritt", seet de Malik Zeniti, Direkter vum Cluster for Logistics.

Klimaschutz stäerken

D'Fro vum Klimaschutz ass eng zentral Prioritéit fir de Logistiksecteur. Firman wëllen dozou bäidroen an an engems kënne se hir Energiekäschten erofdrécken, seet den Malik Zeniti.

"Den Transportministère huet 2014 de Cluster dovun iwwerzeegt sech mat engem Programm ze beschäftegen, deen an Holland entstanen ass, de Lean an Green. Mir hunn eng Dose Firmaen déi de Programm Lean and Green ofgeschloss hunn, déi sech d'Zil gesat hunn hir Emissiounen ëm zwanzeg Prozent ze senken. An déi éischt dräi hunn d'lescht Joer hir Ziler schonn erreecht a kruten domat den Lean and Green Stär. Dat heescht gréng Logistik ass net nëmmen entstanen duerch dee méi groussen Invest zu Beetebuerg fir d'Camione vun der Strooss op den Zuch ze kréien, mee och doduerch, datt d'Firmae sech selwer intensiv dermat beschäftege wéi se hir CO2-Emissiounen an hiren Energieverbrauch kënne senken."

Den E-Commerce ass am Logistiksecteur ëmmer méi wichteg. Net nëmmen d'Post huet méi Aarbecht doduerch kritt, och ganz vill Acteuren, déi international opgestallt sinn, profitéieren dovunner.

"Tëscht 2007 an 2009 ass de Fret um Fluchhafen relativ staark zeréckgaangen. Déi Zuelen vun 2007 goufen haut awer erëm iwwerschratt. Mir hu bal eng Millioun Tonnen Fret d'Joer. An do ass den E-Commerce ee ganz wichtegt Element, well vill Läit haut um internationale Plang bestellen an ee gudden Deel dovunner gëtt iwwer Lëtzebuerg an Europa weider ëmverdeelt."

D'Kritike vun de Bierger ass gréissten Erausfuerderung

Bierger wieren manner tolerant vis à vis vum Verkéier deen den Transportsecteur verursaacht.

"Wann eis Firmae wëlle wuessen, da sinn d'Bierger domat averstanen, mee se soen an engems: net mat Camionen wann ech gelift. Do ass et wichteg, datt mior eis mat Theme beschäftegen, wéi dem Eco-Liner. Dat ass méi ee grousse Camion, dee 25 Prozent un CO2-Emissioune kann aspueren. Deen ass politesch zwar net erwënscht, well en als Konkurrenz zum Zuch ugesi gëtt, mee dee géif eisen Acteuren erlaben mat manner Camionen a virun allem mat manner Camionschaufferen ze funktionéieren. Deen Eco-Liner géif et erlaben effizient ze bleiwen an konkurrenzfäeg ze sinn. Mir hunn eng staark Konkurrenz an der Belsch an Däitschland, an Holland an a Frankräich. Dat heescht mir mussen do mathalen an dat ass eng grouss Erausfuerderung wou mir musse kucken, datt mir alleguerten zesummenhalen an net ee géint deen aneren ausspillen."


De ganzen Interview mam Malik Zeniti:

Lauschteren

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen