Beton Feidt hat sech mat sengem Atelier an der Rue des Scillas um Houwald installéiert, dëst zu enger Zäit wou déi Strooss an der Peripherie vun der Gemeng Hesper louch. Eng deemools ideal Plaz, well Beton Feidt d'Schinne gebraucht huet grad ewéi d'Stroosseninfrastruktur.
Wann de Bëtong nämlech bis gemëscht ass, da muss dee bannent 90 Minutten um Chantier geliwwert ginn, well déi chemesch Reaktioune vum Bëtong dann net méi ze stoppe sinn. Den Atelier um Site um Houwald ass néideg fir d'Camionen ze flécken, déi all Dag am Asaz sinn.
Nodeems déi sëlleg Geschäfter op där zukünfteger Tramsstreck hir Dieren zougemaach hunn, bleift nach de Beton Feidt a säin Atelier. Op der N3 an der Rue des Scillas kéimen nieft dem Tram véier Spuere fir de Stroosseverkéier, mee um Niveau vum Atelier vu Beton Feidt huet missten no enger Léisung gesicht ginn, esou de Mobilitéits- a Bauteminister François Bausch.
Eng Iwwerganksléisung
Bis datt Beton Feidt plënnert, gëtt et eng provisoresch Léisung: verschidde Spuere fir den Auto ginn eréischt méi spéit gemaach. Den Tram géif an dëser Léisung "ouni Problem" seng Plaz fannen, seet de François Bausch.
Nieft Beton Feidt gouf et och d'Erausfuerderung vum Tunnel. deen den Houwald mam Rond-point Gluck verbënnt, de François Bausch. Dësen Tunnel soll méi breet gemaach ginn an de Rond-Point Gluck soll erëm eng einfach Kräizung mat enger méi grousser Kapazitéit ginn.
Beton Feidt ass zefridden
Beton Feidt géif gäre plënneren an huet schonn zu Zéisseng viru 15 Joer een Terrain kaf. Do gouf sengerzäit eng Ëmweltprüfung realiséiert, mee et feelt un enger Opfaart fir op d'Autobunn. Dat misst och parallel zu deenen anere Stroosseninfrastrukture geschéien, seet de Ferd Feidt, Generaldirekter vu Beton Feidt. "Dat ass deen Ament, dee mer ofwaarden."
Mat der Tëscheléisung, fir datt den Tram bis op den Houwald fuere kann, ass de Ferd Feidt zefridden: et wier doduerch net dréngend, datt den Atelier vu Beton Feidt fort misst. An enger zweeter Etapp géif un der Verbindung bis op de Schlammestee geschafft ginn. Dëse Projet wier awer net evident, well deen duerch eng Natura2000-Zon misst fueren.
Den Tramschantier um Houwald wier mat Zäite fäerdeg, seet de François Bausch, an dat trotz dem Confinement. Wéini awer de Contournement vun Zéisseng an déi nei kommunal Aktivitéitszon soll entstoen, dat schéngt méi laang ze daueren.