Corona-Mesuren CLC: Fermeture trëfft besonnesch déi kleng Geschäfter

Net-essentiell Butteker gi vun e Samschdeg u fir zwou Wochen zougemaach. Ganz iwwerraschend koum déi Fermeture net, d'Konsequenze fir de Secteur wieren awer ganz haart, mengt den Direkter vun der Handelsconfederatioun, den Nicolas Henckes.

Paule Rodesch / cbi

Nicolas Henckes
Den Nicolas Henckes ass Direkter vun der Handelsconfederatioun. Foto: Archiv

De Bäitrag lauschteren


An de Medien hätt et vläicht esou ausgesinn, wéi wann et an de Butteker déi lescht Woche schwaarz vu Leit gewiescht wier, an der Realitéit hätt dat awer anescht ausgesinn.

Um Weekend wier zwar méi lass gewiescht, de Rescht vun der Woch wier dat awer net de Fall gewiescht, betount den Direkter vun der Handelsconfederatioun Nicolas Henckes. D'Chiffres d'affaires wier nach ëmmer "bei Wäitem" ënner dem Niveau vum leschte Joer.

Den Dezember wier zwar ee vun de bessere Méint fir de Commcerce, mee en hätt d'Betriber awer net ëmmer rette kënnen, mee se "bëssen iwwer Waasser gehalen". D'Fermeture géif sech "ganz schlëmm" op d'Tresorerie an d'Resultater auswierken, besonnesch vun deene klenge Geschäfter.

Propose vun der CLC goufen net zeréckgehalen

Et hätt ee probéiert eng komplett Fermeture vum net-essentielle Commerce ze verhënneren, mee d'Regierung wier op d'Propose vun der Handelsconfederatioun net agaangen, bedauert den Nicolas Henckes.

Ënner anerem hätt ee kënnen duerchsetzen, datt nëmmen nach eng Persoun eleng hätt dierfen akafe goen, esou wéi et an der Belsch de Fall ass. Doduerch hätt ee kéinten d'Densitéit an de Geschäfter erofsetzen, esou den Direkter vun der Handelsconfederatioun.

Verkaf vun net-essentielle Produiten

Fir méi Gerechtegkeet ze schafen, soll dës Kéier dat ganzt net-essentiellt Sortiment vun der Fermeture viséiert sinn, esou d'Annonce vum Premier Xavier Bettel. Dat heescht, datt een och net kann an enger grousser Surface eng Wäschmaschinn kafen, wärend den Elektrofachmaart seng Diere muss zouloossen. Fir den CLC-Direkter ass déi Annonce pure Marketing, d'Leit géifen esou Saachen am Ausland kafen.

Weider war et gëschter och d'Ukënnegung, datt d'Solde musse verréckelt ginn. D'Handelsconfederatioun wäert an den nächsten Deeg mam Secteur iwwer déi genee Modalitéiten dovunner diskutéieren, esou nach den Nicolas Henckes.

Méi zum Thema

Paulette Lenert a Xavier Bettel
Corona-Pandemie

Fir d'Spideeler ze entlaaschten, huet d'Regierung nei Mesuren decidéiert. Net-essentiell Geschäfter musse vum 26. Dezember bis den 10. Januar zoumaachen. De Couvre-feu soll scho vun 21 Auer u gëllen.

 

Net verpassen

  • Mam 100,7-Mikro ënnerwee

    Max Feyder

    Eise jonke Freelancer Max Feyder aka Skibi ass an den nächste Woche mam 100,7-Mikro ënnerwee, fir an der Strooss Stëmmungsbiller anzefänken an d'Leit no hirer Meenung zu bestëmmten Theemen ze froen.

Programm

  • Vu 6 bis 10

  • On air

    Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

Dossieren

  • Déi national Anti-Krise-Pläng an der EU

    Wat maachen d'Länner mat den Suen, déi hinnen aus dem Europäeschen Fonds de Relance zoustinn? An eiser Rubrik Europa Aktuell huele mer déi national Pläng ënner d'Lupe.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen