De Claude Wiseler ass den Nofolger vum Frank Engel, dee gëschter aus der CSV ausgetruede war.
Fir den neien CSV-Generalsekretär Christophe Hansen hunn um Kongress 89,7 Prozent gestëmmt. Déi béid nei Vize-Presidenten Anne Logelin a Paul Galles hunn 86 respektiv 90,5 Prozent vun de Stëmme kritt.
Seng Kandidatur als Parteipresident wier keng fir 2023 Spëtzekandidat ze ginn, huet de Claude Wiseler a senger Ried widderholl: d'Fro vum Spëtzekandidat fir d'Chamberwahle soll eréischt am Fréijoer 2023 decidéiert ginn.
De Claude Wiseler huet een Appel fir d'Eenheet vun der Partei gemaach, a fir gemeinsam Entscheedungen.
D'Affären aus de leschte Woche rondrëm de Frank Engel sollen dem Claude Wiseler no a Rou, partei-intern opgeschafft ginn.