Uni Lëtzebuerg Claude Meisch: "Et muss ee mat de Konsequenze vun enger autonomer Uni kënne liewen"
Den Educatiouns- an Héichschoulminister "bedauert", datt de Rainer Klump no engem Sträit ronderëm de Budget als Recteur vun der Uni demissionéiert huet. Wéini de Ministère iwwer d'Problemer mam Unis-Budget informéiert gouf, wëllt de Claude Meisch net soen.
Den Héichschoulministère ass duerch e Regierungskommissär am Conseil de Gouvernance vun der Uni vertrueden. Doduerch wär säi Ministère iwwer "d'Diskussiounen an d'Decisioune" ronderëm de Budget vun der Uni informéiert, esou de Claude Meisch. Wéini genee d'Budgets-Problemer fir d'éischt am Conseil de Gouvernance zur Sprooch koumen, wëllt hien awer net soen. Als Minister wär hien net de "Porte-Parole" vun der Uni, an dofir wär et och net un him, fir iwwer "Interna" aus den Diskussioune ronderëm de Budget vun der Uni ze schwätzen.
D'Uni wär "autonom" a soll "wäit ewech vu politeschen Decideure funktionéieren". Dofir misst een awer och "mat all de Konsequenze vun der Autonomie kenne liewen", seet de Claude Meisch.
"Wann ee gären eng Uni hätt, déi politesch gesteiert ass, wou och d'Finanzgestioun politesch ze veräntwerten ass, da muss een d'Uni aus der Autonomie zréckhuelen an de Giron vum Staat. Mä ech denken, datt mer dat net wëllen".
Et wär wichteg, datt d'Uni an den nächste Jore Planungssécherheet huet. Dofir géif d'Uni an den nächste Joren och weider zousätzlech Sue vum Staat kréien.
"Mä wéi d'Uni selwer domadder ëmgeet, wéi se déi Moyenen intern verdeelt - dat ass wierklech eppes, wat intern, an der Autonomie vun der Uni muss geschéien. Soss gëtt et keng Autonomie."
1000 Tablet-Computere fir d'Rentrée
An de Lycéeë soll iwwerdeems weider an digitaalt Equipement investéiert ginn. An der Ried zur Lag vun der Natioun hat de Premier Xavier Bettel ugekënnegt, vun der Rentrée u géifen "all d'Schüler d'Méiglechkeet kréien, am Secondaire en Tablet zu besonnesche Konditiounen ze kréien." De Minister präziséiert awer, d'Tablet-Computer géifen net einfach als "Gadget" un all d'Schüler verdeelt ginn.
All Schüler, dee regelméisseg mat engem Tablet schafft, soll vun der Moossnam kënne profitéieren. Zum Beispill Schüler, déi an enger spezieller "I-Pad-Klass" sinn. Fir d’Rentrée géife schonn "dausend Tableten do léien", a fir dat nächst Joer wären der nach eng Kéier "6 000 an de Budget ageschriwwe ginn," seet de Claude Meisch. Wéi vill d'Mesuren de Staat am Ganze kascht, wär awer nach net kloer, well nach net genee gewosst wär, wéi vill Klassen Tablete géife kréien. Pro Tablet géing de Staat awer eng 350 Euro ausginn, esou nach den Educatiounsminister Claude Meisch.