GEMENGEWAHLEN Neie Contournement fir Dikrech?

Fir de Verkéiersproblem an Dikrech ze léisen, soll an e puer Etappen ee Contournement ëm d'Stad Dikrech entstoen, mengt den LSAP-Buergermeeschter Claude Haagen. D'CSV wëll de Verkéiersproblem léisen andeems d'Zuchstreck laangfristeg duerch ee moderne Busservice ersat gëtt, esou den Dikrecher CSV-Gemengeconseiller Paul Bonert.

Carole Schimmer /mp

Paul Bonert a Claude Haagen
Paul Bonert a Claude Haagen

Fir de Verkéiersproblem an Dikrech ze léisen, soll an e puer Etappen ee Contournement ëm d'Stad Dikrech entstoen, sou den Dikrecher Buergermeeschter Claude Haagen. Eng éischt Bretelle wier tëscht dem Härebierg an dem Fridhaff op der Nationale 7 geplangt.

"Do ass d'Autorisatioun vun der Gemeng Dikrech nach rezent erausgaangen. Sou datt déi Aarbechten elo do ufänke mat engem Bypass vum Rondpoint Fridhaff. Déi Strooss wäert an den nächsten zwee Joer fäerdeg sinn".

De Claude Haagen ass iwwerdeems dovunner iwwerzeegt, datt vum Härebierg aus och eng Méiglechkeet besteet, a Richtung Selz oder Bleesbréck dee ganze Contournement ze plangen. Ponts et Chaussées wiere schonn am Gaangen eng Analys iwwert déi alternativ Stroossen ze realiséieren. Een éischte Projet fir de Contournement vun Dikrech gouf wéinst Ëmweltschutzbedenken net zréckbehalen.

D'Eisebunnsstreck tëscht Dikrech an Ettelbréck bleift bestoen, dorunner hält den LSAP-Buergermeeschter Claude Haagen fest. D'CSV wëllt déi Streck allerdéngs laangfristeg duerch ee moderne Busservice ersetzen, esou den Dikrecher CSV-Gemengeconseiller, Paul Bonert. Eng Optioun, déi an den Ae vum Claude Haagen, net optimal wier, wëll dee Bussystem den Zentrum vun Dikrech oder Ettelbréck net kéint couvréieren. Hie proposéiert iwwert de "Spacesharing" ee Busservice tëscht der Dikrecher Gare an de Quartiere vun Dikrech.

D'Stad Dikrech soll och weiderhi wuessen. Grouss Wunnengsbauprojete sinn um Walebruch a Richtung Ierpeldeng, um Site vun der Brauerei an um 200 Ar groussen Terrain vun der aler "Cité militaire" geplangt.

Kritik vun der CSV gouf et iwwert de Kinoskomplex, deen an hiren Aen ze grouss wier a vun der Gemeng aus misst finanzéiert ginn.

"Deen anere Kritikpunkt ass, wéi de Projet ausgeschriwwe ginn ass. Doduerch datt eng privat Firma den Optrag kritt huet, konnt een all Oplagen, déi fir en ëffentleche Projet bestinn, iwwergoen".

Bannent deenen éischten aacht Woche wieren 2.000 Visiteuren d'Woch gezielt ginn, dat wier ee Succès, esou d'Äntwert vum Dikrecher Buergermeeschter Claude Haagen. Dat wiere souguer méi wéi déi 60.000 Visiteuren d'Joer, déi d'LSAP viséiert hat.

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / / Carole Schimmer
Lauschteren

Méi zum Thema

Scala-Sall.jpg
Scala

Den 20. Juni soll deen neie Kino zu Dikrech seng Dieren opmaachen. D'Gemeng kéint de Komplex mat fënnef Säll selwer bedreiwen. Et sollen ëmmer déi neiste Filmer gewise ginn, seet de Claude Haagen.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Notturno

  • Virum Dag

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

Net verpassen

  • 26.1. Riicht eraus: Dynamit fir d’Dynastie?

    Dynamit fir d’Dynastie?

    D'Regierung bestellt e Rapport iwwer d'Finanz- a Personalgestioun am Palais, Indiskretioune vum Haff ginn ëffentlech breet getrëppelt, déi groussherzoglech Famill gëtt wéinst dem Ëmgang mat hirer eegener Geschicht kritiséiert.

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun hire Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen