Interpellatioun an der Chamber Diversifizéierung vun der Landwirtschaft

D'Bauere solle gestäerkt an d'Versuergung zu Lëtzebuerg soll sou wäit wéi méiglech gedeckt an nohalteg gemaach ginn. Et ginn awer Contrainte fir esou Pläng ëmzesetzen, huet et an der Chamber geheescht.

Carole Schimmer / cbi

Landwirtschaft
Symbolbild. Foto: Bigstock / doidam10

Lauschteren


Dëse Summer huet d'Dréchent dominéiert an dat wärend gefillt onendlech laange Wochen. Geméis muss awer genat ginn, mee vu wou hëlt een d'Waasser?

Reewaasser opfänken

D'Martine Hansen mengt, datt een dofir net onbedéngt Krunnewaasser misst huelen, dat géif nämlech ze deier ginn.

Dowéinst misst een innovativ ginn a beispillsweis Opfänkbecken hu fir Reewaasser zeréckzebehalen, mee och gerengegt Ofwaasser ass eng Méiglechkeet, mengt d'CSV-Fraktiounspresidentin.

Fir de Marc Goergen vun der Piratepartei bidden d'Stied a versigelt Flächen eng Léisung un: bis elo hätt een de Reen ëmmer sou séier wéi méiglech evakuéiere wëllen. Fir den Deputéierte vun der Piratepartei wier et wichteg, datt d'Reewaasser aus de Stied an aus den Dierfer gehale gëtt an zum richtege Moment op d'Felder transportéiert gëtt.

Rekrutementer am Ausland

D'Landwirtschaft ass dacks och aarbechtsintensiv iwwer déi verschidde Saisonen. Dat ass eng weider Schwieregkeet, seet de Gusty Graas.

Bis elo hätt een dofir virun allem an Osteuropa rekrutéiert, also a Polen a Rumänien seet den DP-Deputéierten. Dat géif awer ëmmer méi schwéier ginn, well déi ekonomesch Situatioun vun deene Länner sech verbessert.

Präisser vum Terrain hunn Impakt op Landwirtschaft

A Lëtzebuerg huet definitiv ee Problem wéinst den Terrainspräisser, betount den Agrarminister Claude Haagen. D'Hausse vun de Präisser géif och ee Problem fir d'Landwirtschaft, d'Gréngzonen an d'Wéngerten duerstellen.

Do missten all d'Acteuren, déi an deem Beräich schaffen, oder déi fir déi selwecht Flächen a Fro kéimen, sech zesummesetze fir no Léisungen ze sichen, seet de Landwirtschaftsminister.

Méi zum Thema

Tom Kass um Haff
Landwirtschaft

2025 soll de Bio-Ubau hei am Land bei 20 Prozent leien, bis 2050 ginn esouguer 100 Prozent Bio-Landwirtschaft viséiert. Mat aktuell sechs Prozent, hält de Biobauer Tom Kass dës Zilsetzung vun der Regierung awer fir onrealistesch.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen