Europawäit Sich "Chasse à l'homme" hält d'Belsch an Otem

Iwwer eng Woch schonn ass de Jürgen Conings ënnergedaucht, nodeems hie gedreet hat, e Virolog ëmzebréngen an eng Moschee ze attackéieren. Den Zaldot gëlt zanter Joren als geféierlech a radikaliséiert - seng Flucht werft eng ganz Partie Froen op.

Georges Kohnen / tt

Special forces continue to search for a suspected far-right professional soldier who remains on the run in Belgium. The 46-year-old has been missing and wanted since Monday evening. Authorities suspect the soldier is armed, as he also had direct access to
Op der Sich nom Jürgen Conings. Foto: picture alliance/dpa

An der Belsch gëtt zanter iwwer enger Woch no engem Zaldot gesicht, dee menacéiert huet, e Virolog ëmzebréngen, an eng Moschee ze attackéieren. De Jürgen Conings, dat ass säin Numm, ass iwwer Nuecht zur meeschtgesichter Persoun an der Belsch ginn.

Selwerernannte Staatsfeind

Wou ass de Jürgen Conings? Dat ass déi Fro, déi sech zanter 10 Deeg e ganzt Land stellt. De gutt trainéierten Zaldot vu 46 Joer, deen an enger Rei Krichsgebitter am Ausland aktiv war, wier bewaffent, geféierlech, a vu rietsextremer Ideologie gepräägt. Hien hat e bekannte flämesche Virolog, de Marc Van Ranst, bedreet, an ugekënnegt, hien a seng Famill wëllen ëmzebréngen, well en hien als Responsabele fir d'Restriktioune ronderëm d'Situatioun mam Covid-19 gesäit. Zanterdeem steet de Van Ranst ënner Policeschutz. Dräi Bréiwer hätt de Conings hannerlooss, an deenen hien sech als Staatsfeind bezeechent huet, dee bereet wier fir seng Iwwerzeegungen ze stierwen.

En Dënschdeg virun enger Woch goufe seng Arméismedaillen um Graf vu sengen Eltere fonnt, an och säin Auto, dat hien an engem Nationalpark bei Maasmelchelen an der Provënz Limburg, am Nord-Oste vun der Belsch geparkt hat. zanterdeem ass vun him keng Spuer méi ze fannen. Dobäi sinn et honnerte Polizisten an Zaldoten, déi an enger Operatioun sonnergläichen zanter iwwer enger Woch de Jürgen Conings sichen, bis elo ouni Erfolleg. Déi Belsch Autoritéiten hunn och Ënnerstëtzung aus Holland a Lëtzebuerg kritt.

Flucht werft Froen op

2015 gouf de Conings vum Geheimdéngscht als geféierlech agestuuft. 2018 gouf hien als Member vun enger rietsextremer Organisatioun méi no iwwerwaacht. Deemools ass hien och wéinst illegalem Waffebesëtz an Dreeunge bei der Police opgefall. Mee eréischt am August 2020 gouf him seng Sécherheetshabilitatioun entzunn, a zanterdeem war hie Schéissinstruktor, mat Zougang zu engem Waffenarsenal. Am Februar dëst Joer gouf hie vun der Sûreté de l'Etat als extrem geféierlech agestuuft: de Risiko vun engem Attentat op eng Moschee wier héich. An och wann hien als e grousse Risiko bekannt war, huet de Renseignement militaire keng Konsequenze gezunn.

D'Arméi an d'Ministerin Ludivine Dedonder stinn dowéinst zanter enger Woch am Kräizfeier vun der Kritik. Wéi wier et méiglech, datt een Zaldot, deen als radikal a geféierlech agestuuft gouf, weiderhin Zougang zu Waffen hätt? Firwat goufen all Warnungen ignoréiert? A wéi vill aner Fäll vu rietsextremen Zaldote ginn et nach an der Arméi? Och wann de Patron vun der Belscher Arméi, den Admirol Michel Hofman schonn eng Rei Problemer zouginn huet, sou schléisst d'Verdeedegungsministerin Ludivine Dedonder fir de Moment eng Demissioun aus. Si wier net iwwer d'Situatioun informéiert gewiescht, a si gëtt deelweis der nationalistescher Partei NVA d'Schold un der Situatioun. D'Partei, déi an der leschter Regierung d'Responsabilitéit fir d'Arméi hat, hätt mat hirer Ideologie de Radikalismus gefërdert.

An der Bevëlkerung ass d'Initiative vum Jürgen Conings deelweis op Sympathie gestouss: 45.000 Memberen hat eng Grupp op Facebook, déi hien ënnerstëtzt huet, ier dat soziaalt Netz se als terroristesch Grupp gespaart huet.

Ronn 150 Leit hunn dëse Weekend esouguer eng marche de soutien organiséiert, de Beweis, datt extremistesch Sympathië mat der Situatioun ronderëm de Coronavirus verstäerkt goufen. De Jürgen Conings huet säi Verschwanne wéi e Film inzenéiert, an déi 10 Deeg Sich ouni Resultat ridiculiséieren déi Belsch Autoritéiten. Hie gëtt mëttlerweil a ganz Europa gesicht. An et ass am Interêt vun allen, déi Affär esou séier wéi méiglech op en Enn ze bréngen.

An der Mediathéik:

Aktuelles / / Georges Kohnen
Lauschteren

Méi zum Thema

D'Belsch an de Lockdown
Belsch

An der Belsch geet d'Ouschtervakanz eng Woch méi fréi un an och aner Beräicher sinn erëm vum drëtte Lockdown betraff. Wärend véier Woche soll d'Land am Ralenti funktionéieren.

Jean-Marc Nollet
Belsch

De belsche Co-President vun der Grénger Partei gëtt ëffentlech zou, datt hien d'Covid-Restriktiounen net méi respektéiert. D'Geständnes vum Politiker aus de Majoritéitsreien huet d'Ëffentlechkeet skandaliséiert.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen