Den Avis vum Ombudsmann Charel Schmit OKAJU kritiséiert d'Reform vum Jugendschutz a Jugendstrofrecht

Den Ombudsmann fir Kanner a Jugendlecher (OKAJU) appelléiert un de Staatsrot, dem Avis iwwer d'Reform vum Jugendschutz a Jugendstrofrecht eng absolut Prioritéit ze ginn. De Charel Schmit hofft an engems, datt de Conseil d'État sech an deem Avis géint een Erofsetze vum Strofmündegkeetsalter ausschwätzt.

Maurice Molitor / jod

Okaju
De Charel Schmit ass Ombudsmann fir Kanner a Jugendlecher (OKAJU). (Foto: Claude Biver)

Lauschtert den Avis vum Ombudsmann


An hirem initiale Projet wollt d'Regierung deen Alter op 14 Joer fixéieren, proposéiert elo awer an engem Amendement 13 Joer. Deen Amendement ass als Konzessioun un d'Justiz interpretéiert ginn. De Charel Schmit huet kee Versteesdemech dofir.

Een Opruff un d'Chamber

Eng penal Responsabilitéit scho mat 13 Joer stéing am Géigesaz zu der Philosophie vun der ganzer Reform, sou den OKAJU. Dem Charel Schmit no kéint een dat net novollzéien a rifft dofir d'Chamber op, deen Amendement net unzehuelen.

"Et kann een net an deem enge Moment an der Verfassung d'Kannerrechter verankeren a sech op international Recommandatioune bei de Kannerrechter beruffen, an anerersäits bei esou engem wichtegen an zentrale Punkt vun der Reform da Konzessioune maachen an den Alter erofsetzen."

Et wier een net vun dëser Iddi iwwerzeegt, sou de Charel Schmit. Statistesch Evaluatiounen, déi d'Erofsetze vu 14 op 13 Joer géingen novollzéibar maachen, géingen och feelen.

"Mir hunn de Walalter mol nach net erofgesat, wou déi Jonk sech solle prononcéiere kënne par rapport zu hirer Zukunft, a wou se ausgeschloss ginn, well mir hinnen et net zoutrauen. An da wëlle mir gläichzäiteg Kanner vun 13 Joer an de Prisong setzen."

Am Widdersproch zum Rescht vun der Reform

Am Moment géif an den Texter keng Nuance gemaach ginn. A Kanner vun 13 Joer an de Prisong ze setze wier an dem Alter kontraproduktiv, sou den Ombudsmann.

De Charel Schmit bedauert dee Revirement ëmsou méi, well en am komplette Widdersproch zum Geescht vun der Reform géif stoen.

Eng Reform, déi nämlech (mat Ausnam vun deem Punkt an e puer aneren Detailer) op grouss Zoustëmmung beim OKAJU stéisst. Den Ombudsmann fir Kanner a Jugendlecher nennt d'Reform dofir och ee Paradigmewiessel.

De Charel Schmit huet iwwerdeems seng Avisen zu den dräi Gesetzprojeten, ëm déi et geet, scho virgestallt.

Méi zum Thema

D'UNISEC zu Dräibur
Ombudsman fir d'Rechter vum Kand

Den Ombudsman fir d'Rechter vum Kand zeechent en däischtert Bild vum Fonctionement vun der Unisec. An engem Rapport ginn eng Rëtsch u Mängel an der Struktur zu Dräibuer festgestallt.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen