Affär Dieschbourg/Traversini Chantier gouf net direkt gestoppt

De fréieren Déifferdenger Député-Maire Roberto Traversini huet säi Chantier an der Zone verte nom Passage vum Fierschter net direkt gestoppt.

Jean-Claude Franck / Michèle Sinner / cbi

De Roberto Traversini beim Gaardenhäisschen
Huet de Roberto Traversini d'Aarbechten u sengem Gaardenhaus mat Zäite gestoppt?

Erklärunge vum Michèle Sinner


Neien Erkenntnisser no sinn d'Aarbechten nom 8. Juli virugaangen: Ronderëm dat net autoriséiert Gaardenhaus ass Buedem ausgehuewe ginn, wat strikt verbueden ass, well d'Gaardenhaus an engem Naturschutzreservat läit. Dat beleeë Fotoen, eng Zeienausso an den Autorisatiounsdossier.

De Roberto Traversini an déi gréng Ëmweltministesch Carole Dieschbourg hu bis elo behaapt, de Fierschter hätt de Roberto Traversini gefrot, de Chantier rouen ze loossen, an hien hätt dat och gemaach. Géint de fréiere grénge Politiker leeft eng Enquête vun der Justiz: Hien huet Gemengeservicer fir sech schaffe gelooss a géint d'Naturschutzoplage verstouss. Hie kritt och en Interessekonflikt reprochéiert beim Ausschaffe vum neien allgemenge Bebauungsplang vun Déifferdeng.

Op politeschem Plang kritt d'Ëmweltministesch vun der CSV virgeheit, de Roberto Traversini mat enger nodréiglecher partieller Baugeneemegung favoriséiert ze hunn.

Méi zum Thema

Traversini Gaardenhäisschen
Affär Traversini

De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an als Deputéierten zeréckgetrueden. Wéi koum et dozou, wat ass wierklech geschitt? Eng Rekonstruktioun vun der radio 100,7-Redaktioun.

Programm

  • Moies-Magazin

  • On air

    Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

  • Spektrum

  • Ënnerwee

Net verpassen

Dossieren

  • Affär Traversini/Dieschbourg

    De Roberto Traversini ass als Buergermeeschter an Deputéierten zeréckgetrueden. Hannergrond sinn Autorisatioune fir d'Aarbechten un engem Gaardenhaischen an d'Fro, ob hie bevirdeelegt ginn ass.

  • Kuriositéiten aus der Lëtzebuerger Sprooch

    Si oder hatt? Zwee oder zwou? Domat oder domadder? Lëtzebuergesch ass och fir Mammesproochler net ëmmer einfach. Mir ginn der Saach op de Fong.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen