Chamber Chamberoppositioun fuerdert Asiicht an de ganzen RTL-Konzessiounsvertrag
D'Cour administrative hat dës Woch no enger Klo vum Deputéierte Sven Clement decidéiert, d'Regierung misst him de Konzessiounsvertrag tëscht dem Staat an RTL weisen. D'DP wollt den Donneschdeg d'Regierung an enger Motioun opfuerderen, si soll analyséieren wat d'Suitten vum Arrêt wieren. Domat war d'Oppositioun net d'accord. Aus hirer Siicht wier keng Analys néideg. Den Arrêt misst ëmgesat ginn an eng Salle de lecture ageriicht ginn. Eng Motioun vun der Oppositioun, fir den Kontrakt virzeleeën huet d' Majoritéit net matgedroen. D'Oppositioun wëllt préiwen, ob RTL nom Restrukturéierungsplang vun 2019 nach d'Konditiounen vum Konzessiounsvertrag erfëllt.
De Bäitrag vum Michèle Sinner lauschteren
Nom Uerteel vun der Cour administrative woll den Donneschedg den DP-Deputéierte Pim Knaff d'Regierung an enger Chamber-Motioun opfuerderen, den Arrêt vun der Cour z'analyséieren an ze kucken wat d'Konsequenzen wieren. Domat war d'Oppositioun net d'accord. Déi Motioun wier eng Hérésie esou den Gilles Roth. De Staat - also an dësem Fall d'Regierung - misst d'Urteel "ganz einfach applizéieren", sou den CSV-Deputéierten.
Oppositioun: D'Deputéiert mussen Accès op d'Dokument kréien
Et wier un der Chamber e Liesraum anzeriichten, esou d'Fuerderung vun der Oppositioun. De Sven Clement vun de Piraten, ob deem seng Klo d'Urteel zeréckgeet, huet de Medieminister opgefuerdert, fir him de komplette Konzessiounsvertrag inklusiv Contrat d'ancrage ze weisen, sou wéi d'Cour administrative dat an hirem Urteel géif verlaangen.
D'Oppositioun huet och d'Recevabilitéit vun der Motioun a Fro gestallt. Doropshin huet de Chamberpresident Fernand Etgen proposéiert d'Motioun un d'Conférence des presidents ze ginn, fir doriwwer ze decidéieren. De Roy Reding huet dunn eng al Motioun virgeluecht, iwwer déi net ofgestëmmt gi war, esou laang d'Geriichtsprozedur virun der Cour administrative am gaange war. Och den adr-Deputéierten huet Asiicht an de ganze Konzessiounsvertrag gefrot. Deem hu sech déi aner Oppositiounsparteien ugeschloss. Amplaz, datt all Deputéiert misst eenzel ufroen, fir de Vertrag ze gesinn, géif ee mat där Motioun der Dispositioun vun der Cour nokommen, datt d'Deputéiert mussen d'Dokumenter ufroen.
Chaotesch Ofstëmmung
Mee d'Majoritéit wollt net. D'Fraktiounscheffen vun LSAP, de Georges Engel an DP de Gilles Baum hu sech zu Wuert gemellt.Déi sinn awer am Verwaltungsrot vu CLT-UFA an hätten net dierfe schwätzen huet de Fernand Kartheiser gemengt. Dem Gilles Baum no wier d'adr-Motioun vun 2017 "superfétatoire " a misst dofir net gestëmmt ginn.
Schliisslech huet missen zweemol ofgestëmmt ginn, well déi Gréng am éischten Tour net gestëmmt haten an de Chamberpresident méi Stëmmen dogéint gezielt hat, wéi dat rechneresch méiglech war. D'Motioun vun der ADR gouf schliisslech mat de Stëmme vun der Majoritéit ofgeleent.