Den Toun vun deem Schreiwes hätt him net gefall, an dat hätt hien dem Auteur och matgedeelt, sou de Paul Schroeder. Ausgangspunkt vun der Mëssstëmmung war eng parlamentaresch Fro, an där e Problem vu Karriären a Graden thematiséiert gi war: dee Problem wier scho virdrun erkannt gewiescht, an et géif och un enger Léisung geschafft ginn, sou de Generaldirekter vum CGDIS.
CGDIS u seng Limitte gestouss
De staarke Reen vum leschte 14. a 15 Juli, an d'Iwwerschwemmungen zu deenen e geféiert huet, hätten en Asaz néideg gemaach an enger Gréisstenuerdnung wéi de CGDIS a senger kuerzer Geschicht nach keen aneren hat. De Paul Schroeder huet net verstoppt, datt de Corps grand-ducal d'incendie et de secours ee Moment u seng Limitte gestouss ass, well d'ganzt Land betraff an d'Pompjeeën iwwerall am Asaz waren:
"Iergendwann koum och de Punkt wou mer keng Reserve méi haten. An dofir ass dunn och den Uerder komm, datt mer déi an eisen Aen net-essentiell Asäz (an éischter Linn: Kelleren auspompelen) hu missen astellen. Dat war déi éischte Kéier, wou mer dat gemaach hunn. An dat ass sécherlech net iwwerall verstane ginn."
De Generaldirekter vum CGDIS huet och drop higewisen, datt zënter 2018 en Ënnerscheed gemaach gëtt tëscht Normalfall an nationalem Noutstand, wat d'Roll vum Buergermeeschter ubelaangt. Am Normalfall géif de CGDIS ëmmer nach fir d'Gemeng intervenéieren, an engem Katastrophefall deen d'ganzt Land betrëfft, géif en awer fir de Staat schaffen.
"Dee Moment ass et richteg ze soen: Elo huet de Buergermeeschter dem CGDIS näischt méi se ze soen ... well mir dann och eng national Koordinatioun vun de Moyene maachen. Dat heescht awer net, datt mir, wann de Buergermeeschter urifft, soen, elo wëlle mer näischt méi mat iech ze dinn hunn. Am Contraire. Mir hu grad hei eise Leit iwwerall vun Ufank u gesot, schwätzt mat Äre Buergermeeschteren."