Radioen

On air

Moiesstudio  |  Touriste solle sech am Virfeld informéieren

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ CFL: Qualitéit a Capacitéite solle massiv ausgebaut ginn

Neie Contrat de Service Public

CFL: Qualitéit a Capacitéite solle massiv ausgebaut ginn

Bis 2039 sollen d'Qualitéit an d'Capacitéite vum Eisebunnsreseau massiv ausgebaut ginn. Dat ass d'Ambitioun am neie Kontrakt fir d'Exploitatioun vum ëffentlechen Eisebunnsreseau, deen d'CFL an de Mobilitéitsministère de Freideg ënnerschriwwen hunn. Dat entspriechend Finanzéierungsgesetz, dat deierst an der Geschicht vun der Chamber, war Ufank Mäerz scho gestëmmt ginn. Ganzer 7,15 Milliarden Euro fléissen an de Joren 2025 bis 2039 an d'Exploitatioun vum Schinnereseau.

auto_stories

2 min

D'Eisebunn wier d'Réckgrat vum ëffentlechen Transport. A wann deen déi ëmmer méi héich Demande u Mobilitéit am Grand-Duché stäipe soll - bis 2035 soll déi nach eemol ëm 40 Prozent klammen - da misst massiv an d'Capacitéiten an an d'Qualitéit vum Netzwierk investéiert ginn, sou de Mobilitéitsminister François Bausch. Den Ausbau vum Schinnennetz gëtt iwwert de Fonds du rail finanzéiert. Bis 2028 sollen do all déi grouss Chantieren ofgeschloss sinn. Iwwert den neie Contrat de Service public assuréieren d'CFL d'Exploitatioun dovun. Ënnert anerem gëtt de Fuerpark moderniséiert, preziséiert den CFL-Direkter Marc Wengler. D'CFL hunn awer och schonn 2018 34 nei Zich bestallt.

"Dat mécht netto eng Capacitéitserhéijung vu 46 Prozent aus. Déi Liwwerunge wäerten Ufank 24 ufänken a bis 25 weidergoen."

D'Capacitéite sollen an d'Luucht goen

Mat dësen neien Automotricë ginn an enger éischter Phas eng Rëtsch al Zich ersat an no an no och d'Frequenzen op de Linnen eropgesat, erkläert de Marc Wengler.

Op der Péitenger Streck sollen an Zukunft sechs Zich pro Stonn fueren, haut sinn et der véier.

"Lëtzebuerg-Diddeleng, ganz wichteg, zwee Zich pro Stonn, direkt mat der Stad verbonnen, haut si mer op zwee Zich pro Dag. Fir direkt de Verglach ze maachen, wat do u Potential dran ass. Wann dann d'Neibaustreck ugebonnen ass, dann ass fir Richtung Thionville en Takt vun aacht Zich d'Stonn virgesinn, haut si mer bei sechs Zich, dat ass enorm. A wann een dann och nach bedenkt, datt an de Garen och d'Quaie verlängert ginn, datt mer do kënne méi laang Zich maachen, da kënnen d'Capacitéite quasi verduebelt ginn."

D'CFL stelle massiv nei Leit an

Am Kontrakt tëscht CFL a Regierung ass ënnert anerem och d'Entwécklung vun engem neien Informatiounssystem fir d'Zuchpassagéier virgesinn, sou den CFL-Direkter. Beispillsweis soll een zukünfteg kënne gesinn, wéi voll en Zuch ass oder wou ee mam Vëlo soll eraklammen. Bis den neie System operationell wier, géif et awer nach e puer Joer daueren. D'Performance vum Eisebunnsnetzwierk soll zukünfteg da reegelméisseg evaluéiert ginn, an Auditten an iwwert Clientsëmfroen. Och personaltechnesch wäerten d'CFL weider opstocken. Eleng dëst Joer géife 500 weider Mataarbechter rekrutéiert ginn, sou de Marc Wengler.