Ëffentlechen Transport CFL-Direkter: "D'Zich waren 2019 méi dacks pénktlech"

D'Zich vun den CFL waren d'lescht Joer méi dacks pénktlech wéi d'Joer virdrun. De Prozentsaz vun den Zich, déi keng Verspéidung haten, wier 2019 vun 89 op 90 Prozent geklommen, esou de Marc Wengler.

Rick Mertens (Interview) / Claude Biver (Web)

Marc Wengler
Den CFL-Direkter Marc Wengler

Hie schwätzt vun engem "gudde Resultat", virun allem wann ee géif bedenken, datt am Moment vill um Zuchreseau geschafft gëtt. Aus deem Grond kéint een och net all Joer mat Verbesserunge rechnen. Et géifen nach aner Chantiersphase kommen, mee et kéint een net onbedéngt d'Offer augmentéieren.

D'Eisebunn ka kuerzfristeg keng zousätzlech Zich asetzen, wann de gratis ëffentlechen Transport e grousse Succès hätt, seet den Direkter vun der CFL. Am Moment géifen d'CFL schonn all Dag all hir Zich asetzen, esou de Marc Wengler.

Hie betount awer, op méi laang Siicht géif d'Capacitéit an d'Luucht geschrauft ginn. Bis 2024 solle 34 nei Zich dobäi kommen: zu deem Zäitpunkt kennen da 46 Prozent méi Passagéier transportéiert gi wéi haut.

An der Mediathéik:

Invité vum Dag / / Rick Mertens
Lauschteren

Méi zum Thema

Zouenen CFL-Guichet
Ëffentlechen Transport

Mam Ufank vum gratis ëffentlechen Transport wäerte just nach d'Guicheten an der Stad Lëtzebuerg an zu Esch-Belval op sinn. Wat bréngt dës Verännerung mat sech? D'Rahel Könen huet nogefrot.

Mylène Bianchy Syprolux
Eisebunnergewerkschaft

Lëtzebuerg wier momentan nach net prett fir de gratis ëffentlechen Transport, seet d'Presidentin vun der Eisebunnergewerkschaft Syprolux. Wéinst de ville Chantiere kéint "de Schoss no hanne lassgoen", sou d'Mylène Bianchi.

Programm

  • Moies-Magazin

  • On air

    Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

  • Spektrum

  • Ënnerwee

Net verpassen

  • Riicht eraus: Wéi eng Press(ehëllef) fir Lëtzebuerg?

    Riicht eraus

    Am Joer 2020 eng Zeitung erauszebréngen ass net einfach. Déi geschriwwe Press ass wéinst dem Internet an neie Gewunnechte vun de Lieser a Lieserinne mat enger Baisse vun de Verkafszuele a vum Ëmsaz konfrontéiert.

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun hire Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen