Radioen

On air

Resonanzen  |  Franz Xaver Richter - Sträichquartett an Do Majeur, Op. 51, IIII. Presto - Martinu Quartet

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ CDU an AfD a Sachsen-Anhalt géint d'ëffentlech-rechtlech Medien

Däitschland

CDU an AfD a Sachsen-Anhalt géint d'ëffentlech-rechtlech Medien

Déi ëffentlech-rechtlech Medie ginn an Däitschland iwwer de sougenannte Rundfunkbäitrag finanzéiert. Vum nächste Joer u soll dëse Bäitrag ëm 86 Cent klammen. An dat suergt an engem Bundesland fir grousse Sträit. A Sachsen-Anhalt sinn CDU an AfD nämlech géint d'Erhéijung. D'Landesregierung riskéiert ze zerbriechen.

auto_stories

2 min

ZDF oder Deutschlandfunk. WDR oder NDR. 3Sat oder Arte. All dës däitsch Tëlees- a Radiosendere si vum däitsche Rundfunkbäitrag finanzéiert. Déi 17,50 Euro, déi all däitsche Stot momentan am Mount bezilt, sinn eng Garantie fir den onofhängegen a professionelle Journalismus, deen déi däitsch ëffentlech-rechtlech Medien offréieren.

Ëmstridden Hausse vum Rundfunkbäitrag

Aus deene 17,50 Euro solle vum 1. Januar un 18,36 Euro ginn - also eng Hausse vu genau 86 Cent. Sou gesäit et en Ännerungsgesetz fir, iwwer dat sech d'Ministerpresidente vun de 16 Bundeslänner eens gi sinn. Ier et kann a Kraaft trieden, mussen allerdéngs och déi 16 Landesparlamenter zoustëmmen - a genau do läit an dësen Deeg de Probleem.

Well an engem Parlament, nämlech deem vu Sachsen-Anhalt zu Magdeburg, wëllen zwou Fraktiounen net matstëmmen. A well déi zwou Parteien zesummen eng Majoritéit am Parlament hunn, riskéiert dat ganzt Kaartenhaus zesummen ze falen.

Ënner anerem ass déi gréisste Fraktioun a Sachsen-Anhalt, d'CDU, géint d'Erhéijung. Si wéilt hire Wieler dës zousätzlech Ausgab net zoumudden. De Fraktiounschef Siegfried Borgwardt sot gëschter virun der Press: "Mat der CDU-Fraktioun wäert et keng Bäitragserhéijung fir d'Biergerinnen a Bierger aus Sachsen-Anhalt, fir d'Entreprisen an d'Handwierker, ginn."

Kooperatioun vun CDU an AfD?

Domat stellt sech d'CDU-Fraktioun zu Magdeburg net nëmme géint hiren eegene Ministerpresident, de Rainer Haseloff. Se stelle sech och op eng Säit mat der AfD. Fir déi ass d'Ofschafe vum Rundfunkbäitrag eent vun den zentralen Theemaen am Parteiprogramm. De Widderstand vun der rietsnationaler Partei ass an der Reegel mat engem Widderstand géint déi sougenannte "Staatsmedien" begrënnt.

Datt d'CDU sech där Linn duerch hiren eegene Widderstand uschléisst, ass e fataalt Zeechen. An et kéint och gréisser Auswierkungen op d'Muechtverhältnisser a Sachsen-Anhalt hunn. Schliisslech regéieren zu Magdeburg CDU, SPD a Gréng an enger Kenia-Koalitioun - a souwuel Sozialdemokraten wéi och Gréng si mat der Positioun vun hirem Regierungspartner alles anescht wéi zefridden.

Déi gréng Partei huet schonn domat gedreet, d'Koalitioun platzen ze loossen, wann d'CDU op hir Linn besteet. Bei Neiwale géif d'CDU hir Regierungsbedeelegung an de Poste vum Ministerpresident op d'Spill setzen. Mee all dat schéngt d'Fraktioun, bis elo, net ze beandrocken.