COP26 Carole Dieschbourg iwwer e méigleche Akkord op der Welt-Klimakonferenz

Greenpeace warnt, datt en éischten Text deen op der Welt-Klimakonferenz elaboréiert gouf ze schwaach ass a keng Mentioun dran ass fir fossil Brennstoffer aus der Welt ze kréien. Och seet d'Ëmwelt-Organisatioun datt Saudi-Arabien d'Haaptland ass, dat engem ambitiéisen Akkord am Wee steet.

Philip Crowther (Glasgow) / tt

Carole Dieschbourg op der COP26
D'Carole Dieschbourg kritt en Dokument vun der ONG United4ClimateJustice iwwerreecht.

Elo ass den Drock méi héich hei op der COP26. D'Ëmweltministere sinn hei, si sollen elo ënner sech den Akkord negociéieren, dee weise wäert ob dës Klimakonferenz e positiven Androck hannerloosse wäert.

Bis e Freiden hunn déi bal 200 Länner zu Glasgow Zäit fir en Akkord ze fannen deen op d'Zil zousteiert fir d'Äerderwiermung op 1,5 Grad ze limitéieren.

"E bësse Verspéidung"

Ganz komplex Verhandlunge sti virun deenen nämmlechte Stolperstee wéi och op anere Klima-Sommeten. Déi grouss Industrielänner wëllen ze spéit klimaneutral ginn. Déi räichst Länner packen et net déi versprachent 100 Milliarden Dollar am Joer u méi aarm Länner ofzeginn. Dat géif een mat "e bësse Verspéidung erreechen", esou d'Lëtzebuergesch Ëmweltministesch Carole Dieschbourg.

Dat kënnt zum Beispill net gutt u bei den Insel-Staaten am Pazifik, oder och an Afrika, e Kontinent deen hei als Bloc negociéiert.

Verschidde Länner weise manner Ambitiounen

Länner déi op anere Klima-Konferenzen och scho manner Ambitioun gewisen hunn, negociéieren zwar hei mat, mee kéinten enger Deklaratioun, déi der Welt Hoffnung gëtt am Wee stoen.

Et denkt een do u Russland, China, an d'Land wat am meeschten opkënnt ass Saudi-Arabien. Dat wier en Trend, dee si och schonn op de viregte Klimakonferenze gesi konnt, esou d'Carole Dieschbourg: Länner, déi versichen al Dossieren opzemaachen. Elo misst een op Ministerniveau kloer negociéieren, och wann dat "net sou einfach" wier.

Einfach ass et ni, a vill vun dësen UN-Klimakonferenzen hunn an der Vergaangenheet misse verlängert gi fir bal 200 Länner iergendwéi op e gréngen Zweig ze bréngen. Déi Méiglechkeet besteet hei zu Glasgow och.

Méi zum Thema

Net verpassen

Programm

  • Iwwer Mëtteg

  • On air

    Noriichten

  • Popfilter

  • Noriichten

  • Resonanzen

Dossieren

  • Alles iwwer de Podcast Schlechte Schüler

    An eisem Dossier fannt dir sämtlech Episode vun eisem Podcast Schlechte Schüler, Interviewe mat Schoulexperten an déi komplett Transkripter vun den eenzelnen Episoden.

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen