Zougang zu Informatiounen Caregari wëllt Diskussioun mat Legislateur

De President vun der Journalistenassociatioun ALJP wëllt mam Legislateur iwwer d'Informatiounszougangsgesetz diskutéieren. De Presserot hätt dem Medieminister Xavier Bettel virun zwee Joer e Géigevirschlag zum Gesetzestext gemaach, deen zënter Juli vum Staatsrot traitéiert gëtt. Zënterhier hätt sech an dësem Dossier näischt méi gedoen.

Chris Zeien / ys

Luc Caregari
Luc Caregari

D'Informatiounszougangsgesetz ass en Dossier mat enger laanger Geschicht. Am Joer 2000 hat den aktuellen LSAP-Fraktiounschef Alex Bodry eng entspriechend Gesetzespropos agereecht. Och de Presserot fuerdert zënter Joren ee méi einfachen an efficacen Zougang zu Dokumenter vun ëffentlechen Institutiounen.

Problem vun der Gewiichtung

Déi lescht Propos fir en entspriechend Gesetz gouf vum Staatsrot refuséiert, a mat engem laange Rapport beduecht. Zënterhier ass et roueg ginn ëm den Dossier, seet de Luc Caregari.

All d'Exceptiounen, déi d'Finanzplaz betreffen, sollten aus dem Text gestrach ginn. De Projet Bettel géif eng Komissioun fir d'Regelung virgesinn, déi de Luc Caregari problematesch fënnt.

De grousse Problem gesäit hie bei der Gewiichtung vum Gesetzprojet. "De Pouvoir läit nach ëmmer bei der Administratioun an net beim Bierger, oder beim Journalist, deen no Informatioune freet."

Géigevirschlag am Bureau vum Minister

2015 hat de Presserot eng Entrevue mat der Chambermediekommissioun fir iwwer dat geplangte Gesetz ze diskutéieren. Als Reaktioun hat de Presserot ee Géigevirschlag proposéiert, deen der Mediekommissioun offiziell net virläit, sou de Luc Caregari.

"De Virschlag ass un den Här Bettel gaangen. Mir sinn einfach de Wee vun der Administratioun gaangen. An e läit elo schonn iwwert ee Joer beim Här Bettel am Bureau. Zënterhier hu mir näischt méi dovunner héieren."

De Luc Caregari ass der Meenung, d'Gesetz dierft keen Ënnerscheed maachen tëscht engem Bierger an engem Journalist, deen eng staatlech Institutioun no Informatioune freet.

Sourcen no um Dossier ginn dovun aus, datt d'Informatiounszougangsgesetz nach dës Legislaturperiod kéint gestëmmt ginn.

Méi zum Thema

Luc Caregari
Journalismus

D'Regierung verweigert de Leit e Grondrecht op Informatioun, seet de Luc Caregari vun der ALJP. De Presserot hätt e Géigenentworf zum Gesetzprojet iwwer den Informatiounszougang ausgeschafft.

Pressekonferenz
Fusioun Journalisteverbänn

Am Hierscht soll déi nei an eenzeg Journalistegewerkschaft ALJP déi ronn 500 Journalisten hei zu Lëtzebuerg vertrieden. Eng Chance fir en Neistart vun der Gewerkschaftskultur, hoffen d'Acteuren um Terrain.

Programm

Net verpassen

  • 24.4. Riicht eraus: Frank Engel

    Frank Engel

    Deen Dag, op deem d'CSV sech mam Claude Wiseler en neie President gëtt, kënnt säi Virgänger an den 100,7-Interview fir aus senger Siicht ze erklären, firwat dat net geklappt huet mat him an där gréisster Oppositiounspartei. 

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen