Koalitiounsverhandlungen Cannabis-Legaliséierung: Dräi Parteie si sech eens

D'Legaliséierung vu Cannabis dierft an de Koalitiounsaccord stoe kommen. Dës geplangte Legaliséierung ass eisen Informatiounen no e Bestanddeel vum Rapport vum Aarbechtsgrupp "Santé". Den Text mat Propose gouf an de leschten Deeg ofgeschloss. Muer oder en Donneschdeg soll e bei de Koalitiounsverhandlungen an der Plenières-Reunioun ofgeseent ginn.

Serge Kesseler / cz

Exklusiv Een Employé vun Aurora Cannabis inspizéiert en Marihuana-Planz
Foto: Yasha Wecker

DP, LSAP an déi gréng si sech eens, um Punkt vun der Legaliséierung vu Cannabis, heescht et. Dës Legaliséierung wier awer keng "schrecklech Prioritéit", war vun engem Member vum zoustännegen Aarbechtsgrupp gewuer ze ginn. Et wéilt een dat "ganz sachte ugoen". D'Detailer géifen nach ze kläre bleiwen.

Een Zäitplang, wéini de Cannabis-Verkaf a Konsum hei am Land soll legal ginn, géif et net ginn. Bei esou engem Schrack géif et kee Sënn maache fir mat Delaien ze schaffen, esou d'Präzisioun aus dem Aarbechtsgrupp, dee sech ënner anerem mat Gesondheetsfroe beschäftegt huet.

D'DP hat sech virun de Wahle fir d'Méiglechkeet ausgeschwat, fir een allgemengen, staatlech kontrolléierte Verkaf vu Cannabis un Erwuessener. Ähnlech hat d'LSAP et formuléiert: hei goung rieds vun engem Cannabisverkaf a Konsum fir rekreativ Zwecker fir Persoune vun 18 Joer un. D'Sozialiste wollten d'Bierger donieft op d'Risiken an d'Gefore vun dësem Konsum opmierksam maachen. Och déi gréng hate sech an hirem Wahlprogramm fir eng Legaliséierung vu Cannabis ënner strenge Konditiounen ausgeschwat. Den Ubau, den Import an den Export grad wéi de lokalen Handel missten ënner staatlecher Opsiicht geschéien. Den Zougank zu Cannabis wier exklusiv fir erwuesse Bierger, esou och déi gréng an hirem Programm fir d'Chamberwahlen 2018. Ziler dovu wieren ënner anerem en Entkriminaliséiere vun de Konsumenten an en Ausdréchne vum Schwaarzmaart.

Den Asaz vu Cannabis fir medezinesch Zwecker ass zanter dësem Summer schonn hei am Land erlaabt: mat enger Testphas vun zwee Joer.


De Panorama-Bäitrag vum Serge Kesseler vun 12 Auer:

Lauschteren

Méi zum Thema

Cannabis mat dräi Jointen
Chamberwahlen 2018

Wéi soll Cannabis an Zukunft reglementéiert ginn? An der Chamber war eng entspriechend Kommissiounssëtzung, déi sech domat befaasst huet. Wat sinn d'Positioune vun de verschiddene Parteien?

Cannabis Ueleg
Medezin

An Zukunft ass de Konsum vu Cannabis, dee fir medezinesch an therapeutesch Zwecker genotzt gëtt, zu Lëtzebuerg erlaabt. D'Chamber huet eestëmmeg d'Gesetz ugeholl, mat deem de legale Kader festgeluecht gëtt.

Cannabis
Drogepolitik

Eng Petitioun fuerdert d'Legaliséierung vu Cannabis. A Rekordzäit huet si déi néideg Ënnerschrëfte gesammelt. Mee ass d'Legaliséierung vu Cannabis realistesch? Wat bedeit dat am Kloertext?

Cannabis Medezin Exklusiv
Medezinesche Cannabis

De Collège Médical ass net begeeschtert vum Gesetzesprojet fir d'Legaliséierung vum medezinesche Cannabis zu Lëtzebuerg. De President vum Collège Médical schwätzt vun "immense Restriktiounen".

Medizinesche Cannabis
Cannamedica

Déi nei Asbl Cannamedica begréisst d'Iddi vun engem Pilotprojet, fir Cannabis ze legaliséieren. D'Regierung misst allerdéngs méi wäit goen an e legale Kader fir d'Notzung vu Cannabis als Therapiemëttel schafen.

Een Employé vun Aurora Cannabis inspizéiert en Marihuana-Planz
legale Cannabis

Fir géint d'organiséiert Kriminalitéit virzegoen, wëllt de Kanada Marihuana vum éischte Juli 2018 u legaliséieren. Een onrealisteschen Zäitplang, soe Kritiker. D'praktesch Ëmsetzung wier nach net gekläert.

Bernt von zur Mühlen.JPG
Legaliséierung vu Cannabis

Mat dem Versprieche vun der Cannabis-Legaliséierung huet den Justin Trudeau 2016 vill Kanadier an d'Wahlbüroe gelackelt. Gëtt et tatsächlech ëmgesat? Och Wëssenschaftler äussere Bedenken.

Cannabis Baueren
Cannabis a Kanada

Kanada wëllt Marihuana an den nächste Joeren legaliséieren. Dat kéint fir Produzente vu medizineschem Cannabis a fir de Staat e lukratiivt Geschäft ginn. Verléiere géif dat organiséiert Verbriechen.

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen