Rekreative Cannabis Drogepolitik: Katalog vu 27 Mesurë gouf presentéiert
Et gëtt Retard bei der Mise en oeuvre vum Projet "Cannabis récréatif", esou wéi en am Koalitiounsaccord vun 2018 steet. Dat huet d'Ministerin Sam Tanson haut virun der Press confirméiert. Virgesinn wier elo an enger éischter Phase ze erlaben, datt pro "Communauté domestique" véier Cannabis-Planzen dierfe kultivéiert ginn.

Fënnef Ministeren hunn de Moien e Katalog vu 27 Mesurë presentéiert, fir de Kampf géint d'Drogekriminalitéit: Mesuren, déi de Regierungsrot virgëschter ugeholl hat.
De Cannabis-Konsum soll just doheem erlaabt sinn. D'Consommatioun an der Ëffentlechkeet bleift verbueden, grad ewéi de Verkaf.
Weider plangt d'Regierung eng "Décorrectionnalisation" vum Cannabis bis dräi Gramm. Wien an der Ëffentlechkeet mat bis zu maximal dräi Gramm erwëscht gëtt, muss een Avertissement taxé vun 145 Euro bezuelen. Et huet een dann 30 Deeg deen ze bezuelen, da wier d'Prozedur ofgeschloss an et géif näischt an de Casier kommen, esou d'Justizministerin Sam Tanson.
D'Amende pénale fir méi wéi dräi Gramm soll dann net méi tëschent 251 an 2.500 Euro leien, mee op 25 bis 500 Euro erofgesat ginn. De Produit géif an deem Fall vun der Police saiséiert a spéider zerstéiert ginn.
De Projet hätt ënner anerem wéinst der Pandemie Retard kritt. Och international hätten et Contrainte ginn, esou d'Ministeren haut virun der Press. Trotzdeem wier et wichteg en éischte Schrëtt an der Drogepolitik ze maachen fir d'Drogekriminalitéit an de Schwaarzmaart ze bekämpfen.