Medezin Cannabis fir medezinesch an therapeutesch Zwecker erlaabt

An Zukunft ass de Konsum vu Cannabis, dee fir medezinesch an therapeutesch Zwecker genotzt gëtt, zu Lëtzebuerg erlaabt. D'Chamber huet eestëmmeg d'Gesetz ugeholl, mat deem de legale Kader festgeluecht gëtt.

Carole Schimmer / cz

Cannabis Ueleg
Bigstock: trimaylova kristina

Den Zougang zu deenen therapeutesche Cannabispräparater ass relativ restriktiv. D'Medikamenter kënnen nëmmen an dräi Krankheetsfäll verschriwwe ginn: Bei chronescher Péng, während der Chemotherapie oder bei muskuläre Krämp, déi ee bei der Multipler Skleros ka kréien. Dat ass fir déi gréng Deputéiert Josée Lorsché ze vill restriktiv, deen däitsche Modell wier besser.

An Däitschland géif bewosst op d'Indikatioun vu bestëmmte Krankheetsbiller verzicht ginn. D'Dokteren an Däitschland hätten deemno d'Fräiheet, selwer ze jugéieren, ob si Medikamenter op Cannabisbasis verschreiwen oder net. Dat wier am Sënn vun der Liberté thérapeutique, seet d'Josée Lorsché.

Ënnerschiddlech Wierkstoffer

Déi Präparater hu ganz ënnerschiddlech Wierkstoffer, jee no Verschreiwung. Et kritt ee se ënner der Form vu gedréchente Bléien, fir se ze inhaléieren oder an enger Infusioun ze drénken. Dobäi kënnt e Medikament a Form vun Ueleg. D'therapeutescht Cannabispräparat enthält jee no Gebrauch ënnerschiddlech Moleküllen, seet d'Gesondheetsministesch Lydia Mutsch.

Dräi Typpe vu Kompositioun wiere méiglech; entweder räich un THC (Tetrahydrocannabinol), un CBD (Cannabidiol), oder eng Mëschung aus deenen zwee. Zu Lëtzebuerg wieren am Ganze sechs verschidde Produiten ze kréien. Doduerch kritt all Dokter d'Méiglechkeet, "op e groussen Eventail zeréckgräifen ze kënnen", seet d'Gesondheetsministesch.

"Therapeutesch Form vun de Cannabisderivaten huet kee psychotropen Effekt"

Den Effekt vun deene Medikamenter kéint net mat den Effekter vum Cannabis verglach ginn, deen ee fir rekreativ Zwecker kritt, seet d'Martine Mergen vun der CSV.

Déi therapeutesch Form vun de Cannabisderivaten hätt kee psychotropen Effekt a se géifen net ofhängeg maachen.

"D'Niewewierkungen, wéi d'Verschlechterung vu Kuerzzäitgediechtnes, d'Verlängerung vun der Reaktiounszäit a Problemer mat der motorescher Koordinatioun, déi ee virun allem am Stroosseverkéier kéint fäerten, dee brauche mir hei net ze fäerten", seet d'Martine Mergen.

Substanzen net verharmlosen a sensibiliséieren

Déi therapeutesch Cannabispräparater dierfe vun all Dokter verschriwwe ginn, deen eng spezifesch Formatioun vu sechs bis 24 Stonnen gemaach huet. Et wier kloer, datt de Cannabis fir medezinesch Zwecker oder deen, dee fir rekreativ Zwecker genotzt gëtt, keng harmlos Substanz wier, betount den Edy Mertens, DP Deputéierten.

Fir d'DP wier Cannabis keen Däiwelskraut, trotzdeem dierft een d'Effete vun der Planz net verharmlosen. D'Informatiouns- an d'Sensibiliséierungsaarbecht dierft net ze kuerz kommen.

Limitéierten Accès

An enger éischter Phas soll de Cannabis just a véier Spidolsapdikte kënnen ausgeliwwert ginn. Dat wier ze vill restriktiv, seet den ADR-Deputéierte Roy Reding.

Et ass och wichteg, e Cannabisproduzent ze fannen, dee strenge Standarden ënnerläit, seet d'Gesondheetsministesch. Eng Ausschreiwung gëtt um internationale Plang lancéiert. Wesentlech ass iwwerdeems, datt ee sech op d'Liwwerung ka verloossen, sou d'Lydia Mutsch.

Fir de Patient wier et ganz wichteg, datt hie sech an Zukunft kéint drop verloossen, datt hie regelméisseg Cannabis ka verschriwwe kréien. "De Patient muss sécher sinn, datt hien d'Medikament net nëmmen dëse Mount kritt, mee och doriwwer eraus".

Kanada kéim méiglecherweis a Fro, well d'Cannabisproduktioun do ganz strenge Regelen ënnerläit.

An der Mediathéik:

Aktuelles / / Carole Schimmer
Lauschteren

Méi zum Thema

Cannabis
Drogepolitik

Eng Petitioun fuerdert d'Legaliséierung vu Cannabis. A Rekordzäit huet si déi néideg Ënnerschrëfte gesammelt. Mee ass d'Legaliséierung vu Cannabis realistesch? Wat bedeit dat am Kloertext?

Medizinesche Cannabis
Cannamedica

Déi nei Asbl Cannamedica begréisst d'Iddi vun engem Pilotprojet, fir Cannabis ze legaliséieren. D'Regierung misst allerdéngs méi wäit goen an e legale Kader fir d'Notzung vu Cannabis als Therapiemëttel schafen.

Een Employé vun Aurora Cannabis inspizéiert en Marihuana-Planz
legale Cannabis

Fir géint d'organiséiert Kriminalitéit virzegoen, wëllt de Kanada Marihuana vum éischte Juli 2018 u legaliséieren. Een onrealisteschen Zäitplang, soe Kritiker. D'praktesch Ëmsetzung wier nach net gekläert.

CANNABIS.jpg

Op enger table ronde am Exit 07 (den 3. Februar), organiséiert vum "Cannabis Bündnis", hunn Experten a Politiker sech mat Froen iwwert de Cannabis beschäftegt

Donieft wëll d’"Cannabis Bündnis", eng Allianz vu Jugend-Parteien, an deem ausser d’LSAP an d’CSV, all Partei hier Jugend-Partei dra vertrueden huet, hier gemeinsam Positioun nach méi kloer formuléieren

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen