Canicule an de Stied Paräis léisst Parken owes op

Gëschter sinn zu Paräis 41 Grad gemooss ginn. Domat war e Méindeg den drëttwäermsten Dag a Frankräich zanter den Opname vu Météo France am Joer 1947. Dozou koum och nach, datt d'Dampwollek vun de Bëschbränn am Departement Gironde nieft Bordeaux bis an den Norde gezunn ass. Dat huet d'Loftqualitéit an der Haaptstad weider verschlechtert. Wéi huet sech Paräis op d'Canicule virbereet?

Léonardo Kahn (Paräis) / sam

Vue op Paräis vum Montmartre
Zu Paräis goufen de 19. Juli 2022 41 Grad gemooss. Foto: mshch, Bigstock

Paräis kacht vun Hëtzt a killt sech nëmme lues of. Et feelt u Gréngflächen, déi ëffentlech Plaze sinn dacks mat Granit beluecht an déi typesch Zënn-Diech absorbéieren d'Sonnestralung.

Dëst sinn alles perfekt Bedéngunge fir d'Schafung vun engem sougenannte "Îlot de Chaleur Urbain". Dowéinst muss d'Stad bei der aktueller Hëtztwell improviséieren.

Temporär Projete géint d'Hëtzt

Am Kader vu "Paris Plage" gouf am Bassin de la Villette am 19. Arrondissement e Schwammbaseng ageriicht, wou bis zu 2.000 Visiteuren den Dag gratis schwamme komme kënnen. D'Sans-Abrië kommen an enger Emmaüs Struktur ënner oder kënnen owes am Park schlofen.

Normalerweis maachen d'Paräisser Parken owes zou, mee bis de 4. September bleiwe si bis Mëtternuecht op, e puer esouguer déi ganz Nuecht. Hei kënne sech d'Awunner owes ofkillen. Sou och den 53 Joer alen Ahmed, dee wéinst der Hëtzt net aschlofe konnt:

"Je pense que tous les espaces de verdures devraient être ouvert la nuit pour bien dormir, pour recupérer de la journée dans ce parc."

Och laangfristeg Mesure geplangt

Op déi kléng Projeten duerginn, bleift ze bezweiwelen. An de nächste Joerzéngte sollen d'Temperaturen hei am Summer bis op 50 Grad klammen. Dofir wëll d'Stad an de nächste véier Joer duebel esou vill Beem planzen an dräi mol méi Privatwunnenge renovéieren.

Verschidde Klimaexperte warnen awer, datt d'Strategie net ambitiéis genuch wier, fir sech géint Hëtztwellen wéi déi vun 2003 adequat virzebereeden. Un der Canicule sinn deemools a Frankräich ronn 15.000 Leit verstuerwen.

Fir dëse Mount soll awer schonn den Temperatur-Héichpunkt an der Haaptstad erreecht gi sinn.

An der Mediathéik:

Aktuelles / / Léonardo Kahn
Lauschteren

Méi zum Thema

Sonn
Héich Temperaturen

Gëschter goufen zu Réimech 36,1 Grad gemooss. Haut sollen et bis zu 39 Grad zu Lëtzebuerg ginn, an et gëllt eng "alerte rouge" fir dat ganzt Land. Wat genau bedeit d'Klassifizéierung "alerte rouge"?

Champs-Elysées zu Paräis
Waarm Temperaturen

37 Grad am Juni! A Stied si grouss Plazen dacks mat Goudron, Bëtong oder Granit bedeckt, wouduerch d'Hëtz an der Stad gespäichert gëtt. Dat soll sech zu Paräis an den nächste Joren änneren.

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen