Lëtzebuerg entdecken Camping Beaufort Plage

De Camping ass nom zweete Weltkrich geschaf ginn, wéi den Tourismus nees ugefaangen huet opzebléien, seet d'Françoise Bonert. Wéi an 1966 d'Beeforter déi oppe Schwämm opgaangen ass, sinn nach méi Leit op Beefort komm. De Camping konnt awer och vun der Ouverture vun der Beeforter Äispist profitéieren, déi 1969 hir Dieren opgemaach huet, op där een traditionell mat Schlittschong fueren, mee och Äishockey spille kann.

Claude Faber / cz

Camping Beaufort Plage

Schwammen am Summer a Schlittschong fueren am Wanter. Do kënnen net vill Campinge mathalen. Mee wéi dunn an de 90er d'Clienten ëmmer méi ausbliwwe sinn, ass no enger neier Attraktioun gesicht ginn, déi haut quasi wuertwiertlech zu Beefort de Renner ass. No Internet-Recherchë wier een nämlech op den Ice-Carting gestouss, erzielt d'Françosie Bonert. Zanter 2003 gëtt dës Attraktioun am Wanter véier Mol an der Woch op der Beeforter Äispist ugebueden.

Iwwernuechten an engem Tippie

Et gëtt awer nach eppes, wat de Camping Beaufort Plage eenzegaarteg mécht. Zanter engem Joer bitt de Camping Tippie-Zelter aus Holz un, déi an Zesummenaarbecht mat engem Betrib aus der Gemeng gebaut goufen. Am Ganzen dräi méi kleng Tippië mat engem Duebelbett a véier grouss Tippien, mat fënnef Eenzelbetter, seet d'Françoise Bonert. E Marterlpfahl gëtt et natierlech och, genee wéi d'Méiglechkeet fir e Feier ze maachen.

Grouss kulturell Offer an der Natur

De Camping Beaufort Plage ka sech mat all sengen Offeren also weise loossen. Net ze vergiessen, datt mir hei matten an der Klenger Lëtzebuerger Schwäiz sinn, wou et och nach eng helle Wull un Wander- a Vëlosweeër gëtt.

Nieft der Beeforter Buerg aus dem Mëttelalter, déi bal all Kand hei am Land dierft kennen, kann een elo zanter e puer Joer - op Ufro - och dem Jean de Beck säi Schlass kucke goen, e Kulturierwen, am Renaissance-Stil, deen trotz ville Kricher an och soss schwieregen Zäite glécklecherweis ni zu Schued koum.

An der Mediathéik:

Lauschteren

Méi zum Thema

Päiperleksgaart
Lëtzebuerg entdecken

Wie sech gären an e tropesche Bësch entféiere léist a sech dobäi och Pimpampelen ukucke wëllt, fir deen ass de Päiperleksgaart zu Gréiwemaacher genee dat richteg. De Pit Walté war dohi kucken.

Automusée 2
Lëtzebuerg entdecken

An eiser Serie Lëtzebuerg entdecken gi mir haut an d'Welt vun den Autoen, méi genee op Dikrech, an de Conservatoire National de Véhicules historiques. 35 Gefierer aus verschiddenen Epoche kann een hei gesinn.

Camping Martbusch
Lëtzebuerg entdecken

Déi Lëtzebuerger Schwäiz: Eenzegaarteg Fielsformatiounen, schmuel Schluchten an däischter Grotten. Datt hei déi eng oder aner Hiel duerch Mënschekraaft entstanen ass, ass ville Lëtzebuerger awer vläicht net esou bekannt.

Bourschter Schlass
Lëtzebuerg entdecken

Zu Buerschent kann ee sech déi gréisste Ruinenanlag vu Lëtzebuerg ukucke goen. Nieft der Geschicht erwaart een do och eng flott Vue. De Pit Walté war sech d'Schlass zu Buerschent ukucken.

Net verpassen

  • 24.01. Opruff Media & Me

    Media and Me_2022_1200x667px.jpg

    De radio 100,7 mécht och dëst Joer mat beim Projet Media & Me an Dir kënnt Iech elo dofir umellen.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag vu 6 bis 10

  • Panorama

  • Virum Dag vu 6 bis 10

  • Noriichten

Dossieren

  • Buchkriticken

    D'Kulturredaktioun vum radio 100,7 presentéiert Rezensioune vu Lëtzebuerger an internationale Bicher.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen